Zanter e Méindeg geet et bei de Verhandlungen iwwer en internationaalt Ofkommes, fir eng Pandemie ze vermeiden, an eng entscheedend Richtung.

D'Diskussiounen iwwer de Vertrag lafen nach bis en Donneschdeg am WHO-Haaptsëtz zu Genf. D'Ofkommes sollt u sech Enn Mee accordéiert ginn, ma no e puer Uleef ginn et nach ëmmer Divergenzen tëscht den 194 Memberstaate vun der WHO.

Am Dezember 2021 gouf decidéiert, en internationaalt Pandemie-Ofkommes auszeschaffen. Et sollt ee Léieren aus der Corona-Pandemie zéien, bei där der WHO no vun Enn 2019 un op d'mannst 20 Millioune Mënsche gestuerwe sinn. D'Géigemoossname wéi Lockdowns a Reesaschränkungen haten donieft nach fir schwéier wirtschaftlech Schied gesuergt an och d'Gesondheetssystemer weltwäit waren net op d'Pandemie preparéiert. Vaccinen, déi net erbäikoumen, hunn de Kampf géint de Virus zousätzlech schwiereg gemaach.

Fir op eventuell aner Gesondheetskrise besser preparéiert ze sinn an am Fall vun enger neier Pandemie virun allem méi séier kënnen ze reagéieren, soll et eben en Ofkommes ginn, mat klore Reegelen an de Beräicher Preventioun, Virsuerg a Reaktioun. Et soll deemno eng kloer Charta gi fir sämtlech WHO-Memberstaaten, un déi ee sech virun an no enger Pandemie hale soll an esou och eng zouverlässeg Finanzéierung garantéiert.

Déi 9. a lescht Verhandlungsronn leeft zanter leschter Woch e Méindeg. D'Verhandlunge ware wéi et schéngt net einfach an ob tatsächlech bis en Donneschdeg en Text virläit, ass nach onkloer.

D'europäesch Länner, déi d'Pandemie-Ofkommes besonnesch vehement fuerderen, wëllen erreechen, dass méi Suen an d'Pandemie-Preventioun investéiert gëtt. Afrikanesch Länner dogéint halen drop, dass et e besseren Zougang zu Impfstoffer a Medikamenter gëtt. D'USA wëllen dogéint duerchsetzen, dass bei neie Virusse sämtlech Länner verflicht sinn, Daten a Prouwe séier an transparent auszetauschen.

A grad well d'Interessie beim Pandemie-Ofkommes esou wäit auserneeginn, wäert et och dës Woch net zu engem Ofkommes kommen, fäerten Diplomaten. Spekuléiert gëtt dowéinst iwwer eng zousätzlech Verhandlungsronn am Abrëll.

De WHO-Chef Tedros appelléiert nach emol un e kloert, gemeinsaamt Zil, dat "vun entscheedender Bedeitung fir d'Mënschheet" wier. Et kéint een net zouloossen, dass sech den Däiwelskrees aus Panik a Lethargie nach emol widderhëlt.