Gréisser Welle vu Saharastëbs duerch Europa

Dës Informatioune komme vum Internetsite vum Service fir d'Iwwerwaachung vun der Atmosphär vu "Copernicus".
"Copernicus" ass een Aarm vum Space-Programm vun der Europäescher Unioun, dee sech mat der Iwwerwaachung vun eiser Ëmwelt beschäftegt. Mat Hëllef vu Satellitte ginn Daten zu Verännerungen an der Atmosphär, am Waasser wéi u Land a beim Klimawandel gesammelt, verschafft a verëffentlecht. Dat erméiglecht de Wëssenschaftler vu Copernicus, besser Prognosen iwwer d'Meteo ze maachen.
Zënter dem 6. Abrëll huet de "Copernicus Atmosphere Monitoring Service" (CAMS) gréisser Quantitéiten u Stëbs kënne verzeechnen, déi niddereg duerch Portugal a Spuenien, souwéi Deeler vu Frankräich, Lëtzebuerg an Däitschland zéien. Europa hat schonns zanter Wochen ëmmer rëm mam Saharastëbs ze di gehat. En Dënschdeg soll et awer duerch eng Front vum Atlantik zu engem Enn vum Stëbs aus Afrika an Europa kommen.

Aus deem Grond ass a verschiddenen Deeler vun Europa mat enger Degradatioun vun der Otemloft ze rechnen. Och kann et zu onklorem Himmel a verstëbsten Autoen a Fënstere kommen.
Ee Wëssenschaftler vu Copernicus, de Mark Parington, erkläert an engem Schreiwes, dass et sech ëm déi drëtt Episod vum Saharastëbs an Europa handele géing an dat dës op dat méi waarmt Wierder a West-Europa zréckzeféiere wier. Obwuel de Saharastëbs och virdru schonns den europäeschen Territoire erreecht huet, wier d'Heefegkeet an d'Intensitéit awer mat de Joer geklommen.
Déi vu CAMS gesammelt Informatiounen iwwert d'Meteo sti fir jiddweree fräi zur Verfügung a sinn op hirer Internetsäit ze fannen.