Et wär en historesche Schrëtt
Palästina als vollwäertege Member am UNO-Weltsécherheetsrot?
Den UNO-Weltsécherheetsrot huet wësse gedoen, dass ee wäert préiwen, ob Palästina vollwäertege Member am héchste Gremium vun de Vereente Natioune ka ginn.
Iwwert eng entspriechend Demande soll nach dëse Mount debattéiert ginn.
D’Charta vun der UNO gesäit vir, dass just d’Vollversammlung eng endgülteg Decisioun kann huelen, awer eben op Recommandatioun vum Sécherheetsrot.
Kritik kënnt scho vun Israel a well d’USA e Veto-Recht hunn, dierft et drop erauslafen, dass Washington och vun dësem wäert Gebrauch maachen.
Am meeschte gelies