Depart vu russescher Angara-A5-Rakéit nees annuléiert ginn

© AFP
Russland huet elo schonns fir déi 2. Kéier de Start vun senger neier Weltraum-Rakéit missen annuléieren.
Dat ass bei der Live-Iwwerdroung vum geplangte Start um Mëttwoch a leschter Minutt matgedeelt ginn. Grond fir den neien Delai war een Defekt um Startkontrollsystem, sou de Chef vun der russescher Raumfaartautoritéit Roskosmos.
Den nächsten Donneschdeg ass elo een neie Versuch.
D'Rakéit hätt en Dënschdeg solle vu Wostotschny a Russland Richtung Weltraum fléien. Dëse Start war awer och wéinst technesche Problemer op e Mëttwoch geréckelt ginn.
De russesche Raumfaartsektor huet an de leschte Joer mat Finanzéierungsproblemer, Korruptiounsskandaler a Verloschter, wéi dee vun der Moundlandsond Luna-25 am August 2023 ze kämpfen
Et kritt een och ëmmer méi Konkurrenz vu privaten US-Raumfaartfirme wéi z.B. SpaceX, déi mëttlerweil een Deel vun de Flich op d'ISS (International Space Station) iwwerholl hunn.
D'Raumfaart ass ee vun de wéinege Beräicher, wou Russland an de Westen, trotz russescher Offensiv an der Ukrain, nach ëmmer matenee schaffen.