Associatiounen, déi mat Flüchtlingen a Migrante schaffen, maache sech Suergen ëm deenen hir Rechter.

Dat nodeems e Mëttwoch am Europaparlament de sougenannte Migratiounspak ugeholl ginn ass.

Fir d'Flüchtlingsassociatioun Passerell wier guer kee Pak besser gewiescht, wéi dat wat gestëmmt gouf. D'Croix-Rouge wëll hirersäits Accès zu de geplangten Zentre baussent de Grenzen kréien, fir de Leit kënnen ze hëllefen.

Besonnesch kritesch gesinn d'Associatiounen d'Zentren un den EU-Grenzen, an deenen Demandeure vun internationalem Schutz solle festgehale kënne ginn. Jee nodeem wou se hierkommen, och Famille mat Kanner. Déi acceleréiert Prozedur vun 12 Woche wier net vill Zäit, warnt de Christof Müller, Direkter vum Service Migration et Réfugiés beim Roude Kräiz.

"Déi Prozedure si komplex, do si vill Froen, déi sech stellen. Et muss jo awer individuell den Dossier gekuckt ginn an do riskéiert een, datt vläicht och vulnerabel Leit oder komplex Situatiounen, Leit a spezifesche Situatiounen, mat spezifesche Bedierfnesser duerch dee Raster duerchfalen a vläicht och dann zréckgeschéckt ginn an hir Hierkonftslänner oder an Drëttstaaten. An einfach duerch déi Asylprozedur falen."

D'Traumae vun de Leit op der Flucht géingen duerch dës Ariichtungen och mat Sécherheet zouhuelen.

E Problem wier och, datt d'Texter keng obligatoresch gratis Assistance juridique géinge virgesinn, kritiséiert iwwerdeems d'Directrice vun der Associatioun Passerell, d'Marion Dubois.

"Ce qu'on demande maintenant au Luxembourg, en espérant qu'ils le mettent en vigueur, c'est qu'ils aillent au-delà du minimum inscrit dans les textes européens et qu'ils continuent à jouer ce rôle le garant de respect des droits fondamentaux et qu'ils permettent que des familles ne soient pas enfermées dans des centres à la frontière et que, si des personnes doivent y être, alors qu’elles puissent avoir accès à un avocat et à l'assistance de la société civile."