All véier Joer mécht d'Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) eng Etüd iwwert de Gesondheetszoustand an d'Verhale vu Jugendlechen.

Am neiste Rapport geet et ëm de Konsum vu Suchtmëttel, also Alkohol, Zigaretten, elektronesch Zigaretten a Cannabis. An d'Resultat kann deen een oder aneren erschrecken, mat 11 Joer schonn Alkohol drénken a fëmmen ass nämlech keng Seelenheet.

Staarken Tubak am jonken Alter

Am Alter vun 11 Joer hu scho 5 Prozent vun de Bouwen an 3 Prozent vun de Meedercher Zigarette gefëmmt. Ma dat ass just en Duerchschnëtt iwwer d'Länner eraus. A Bulgarien zum Beispill hunn 18 Prozent vun den 11 Joer ale Jonge scho gefëmmt. Wat d'Jugendlecher méi al ginn, wat d'Zuel weider an d'Luucht geet. Mat 13 Joer huet global ronn all Zéngte schonn eng Zigarett ugefaangen, mat 15 Joer ass et dann all Véierten.

RTL

En neit Phänomen sinn dann déi elektronesch Zigaretten. Besonnesch déi faarweg Vapes, déi et an de verschiddenste Goûte gëtt, si bei Jugendlechen immens beléift. Dat weist och de Rapport vun der WHO. Deemno hu scho 6 Prozent vun den 11 Joer ale Bouwen un der E-Zigarett gezunn, bei den 13 Joer ale sinn et da scho 16 Prozent a mat 15 Joer huet ronn all drëtte Jong scho mol gevaped. Bei de Meedercher ass déi elektronesch Zigarett mat 11 Joer e bësse manner beléift, mat 15 Joer hu si domat awer scho méi Erfarung wéi d'Bouwen.

Alkohol besonnesch an Dänemark e Problem

Egal ob um Duerffest, am Grupp verstoppt op der Spillplaz oder soss enzwousch, méi wéi en Drëttel vun de befrote Jugendlechen huet schonn Alkohol consomméiert an huet domat deels och scho fréi ugefaangen. 13 Prozent vun de Meedercher hu mat 11 Joer scho mol Alkohol gedronk, bei de Jongen ass et bal all Fënneften. Dëse Prozentsaz geet mam Alter vum Jugendleche staark an d'Luucht. Am Alter vu 15 Joer hu bal 60 Prozent vun de Befrote Alkohol consomméiert. An dat net onbedéngt a klengen Dosen.

D'Jugendlecher goufen nämlech och gefrot, ob si scho mol staark alkoholiséiert waren. Wärend de Pourcentage bei de Jonke vun 11 Joer nach relativ geréng ass, war all zwanzegsten am Alter vun 13 Joer schonn eemol richteg voll. Dëst klëmmt da weider bei de 15 Joer alen. Hei war all Fënnefte scho staark alkoholiséiert.
Wärend der Ëmfro hu ronn 7 Prozent vun de Jugendlechen uginn, an de leschten 30 Deeg voll gewiescht ze sinn.

RTL

Och zu Lëtzebuerg ass Alkohol bei Jugendlechen ëmmer nach en Thema. Wärend d'Consommatioun 2018 am Verglach zu 2014 erofgaangen ass, ass dës 2022 rëm e Stéck an d'Luucht gaangen. Dat gëllt besonnesch fir Jugendlecher am Alter vu 15 Joer, wou ronn 35 Prozent Alkohol gedronk hunn.

Däitlech méi beléift ass den Alkohol da bei de Jugendlechen aus Dänemark, wou ëm déi 70 Prozent vun de 15 Joer ale Meedercher a Jongen Alkohol drénken. Mä och an Däitschland gëtt nees méi gedronk, do sinn d'Zuelen zënter 2014 och weider an d'Luucht gaangen.

Méi wéi all Zéngten huet scho mol gekifft

Cannabis gëtt ëmmer rëm gären als  sougenannten "Einstiegsdrog" bezeechent. Ma tatsächlech ware schonn eng ganz Partie Jugendlecher mat dëser Drog a Kontakt. Ëm 12 Prozent vun de 15 Joer ale Befroten hu scho mol gekifft.

Och zu Lëtzebuerg ass d'Drog net onbeléift. All zéngte Lëtzebuerger huet am Alter vu 15 Joer scho Cannabis consomméiert.

Allgemeng weist dës Etüd, dass Suchtmëttel bei de Mannerjäregen ëmmer nach immens beléift sinn an dat, obwuel Preventiounsaarbecht geleescht gëtt. Tatsächlech ass de Konsum awer méi geréng a Länner, wou méi opgekläert gëtt wéi a Länner mat manner Preventiounsaarbecht.

Fir dës Etüd huet d'WHO tëscht 2021 an 2022 ronn 280.000 Jugendlecher aus Europa, Kanada an Zentralasien befrot. De ganze Rapport fannt Dir hei.