Cybersécherheetsfirma Crowdstrike huet Problem behuewen, Findel och betraff
Aus der ganzer Welt koume Berichter, datt Airlines, Zuchreseauen, Medien a Banken technesch Problemer haten.
Um Fluchhafe vu Berlin zum Beispill sinn d'Flich e Freidegmoie blockéiert gewiescht, ënnert anerem well den Check-In net méiglech war. A verschiddene Spideeler an Däitschland hunn ausserdeem geplangten Operatioune mussen ofgesot ginn. De brittesche Sender Sky News hat iwwerdeems säi Programm mussen ënnerbriechen. "Mir entschëllegen eis fir d'Ënnerbriechung. Mir hoffen, mat der Diffusioun geschwë weidermaachen ze kënnen", krut een an engem Standbild ze liesen.
D'Pann hat Systemer vu Microsoft betraff. Ausléiser war wuel e Probleem bei der US-amerikanescher IT-Sécherheetsfirma Crowdstrike. E Programm-Update bei dëser hätt wuel d'Software vu Microsoft gestéiert, heescht et vu verschiddene Medien. Wéi et vum Crowdstrike-Chef George Kurt heescht, hätt een de Probleem nees behuewen. Clientë géifen elo op en neien Update verwise ginn. D'Firma Crowdstrike warnt och dofir, grad elo net op Arnaquen eranzefalen, déi séier Hëllef verspriechen.
Och Lëtzebuerg deelweis betraff
Och zu Lëtzebuerg hat d'Pann Repercussiounen, dat am Fluchverkéier. Et gouf Retarden an Annulatioune vu Vollen, déi u sech e Freideg sollte vum Findel aus fléien oder ukommen.KLM hat jo den Trafic roue gelooss, sou war de KLM-Vol vu Lëtzebuerg op Amsterdam ëm bal zwou Stonnen no hanne geréckelt ginn. E Freideg am Nomëtteg an owes verspéide sech zum Beispill d'Arrivéeë vun de Luxair-Volle vu Varna, Antalya a Porto.
An engem Communiqué hu Luxair a lux-Airport dann nach emol confirméiert, datt et eng technologesch Pann wéinst de weltwäiten IT-Problemer. Och wann d'Systemer um Fluchhafe net direkt betraff sinn, sou hunn awer Airlinnen, déi vu Lëtzebuerg aus operéiere Problemer, heescht et am Communiqué. Bei Luxair kéint et zu Problemer bei Modifikatioune bei de Reservatiounssystemer kommen. Déi technesch Ekippe vun der Luxair, wéi och Partnerorganisatiounen, géifen awer versichen, de Probleem esou séier wéi méiglech ze léisen.
Bei Ryanair hunn d'Ekippe vu Luxair Ground Handling d'Leit fir verschidde Volle manuell mussen anchecken. D'Turkish-Airlines-Flich vu Lëtzebuerg op Istanbul a vice-versa hunn iwwerdeems mussen ofgesot ginn. Weider Verspéidungen oder Annulatioune vu Flich, wieren den Ament net auszeschléissen, heescht et weider am Communiqué.

Um Site vun der Luxair ginn et den Ament Probleemer mat der Reservatioun vu Vollen.
Wéi den 100,7 iwwerdeems mellt, soll et bei de staatleche Servicer hei am Land awer keng Probleemer ginn hunn.