33 Joer al Lëtzebuergerin vu CGDIS-Flächesichhond erëmfonnt
© Facebook / CGDIS
An der Belsch no bei der Lëtzebuerger Grenz war en Dënschdeg de Mëtteg no enger Fra vu Lëtzebuerg gesicht ginn.
Géint 20.10 Auer koum d'Nouvelle, datt si nees do wier. Duerch déi héich Temperature war decidéiert ginn, net ze laang mat der Sichaktioun ze waarden.
Wéi déi belsch Police matgedeelt hat, war d'Fra géint 10 Auer en Dënschdeg de Moien net wäit vum Kierfecht zu Tontelange ewech, an der Gemeng Attert, fir en Trëppeltour fortgaangen. Dono hätt et keng Spuer méi vun hir ginn.
Wéi eis d'Lëtzebuerger Police confirméiert huet, goufen d'Autoritéiten an der Belsch vun de Lëtzebuerger Kolleegen ënnerstëtzt, dorënner de Groupe cynotechnique (GCYN) vum CGDIS, engem Helikopter vun der Police Grand-Ducale an d'Lëtzebuerger Rout Kräiz. Wéi de Spriecher vum CGDIS, de Cédric Gantzer, eis en Dënschdeg matdeelt hat, wier d'Fra vun engem Hond vun der Hondsstaffel lieweg fonnt ginn.