1,4 Millioune Meedercher a Fraen dierfen am Afghanistan net an d'Schoul goen
© AFP
Am Afghanistan ginn ëmmer manner Meedercher a jonk Fraen an d'Schoul.
Zanter dass d'Taliban viru genee 3 Joer d'Muecht iwwerholl hunn, sinn 1,4 Millioune Meedercher no der Grondschoul net méi weider an d'Schoul goen. Dat wieren der 300.000 méi wéi nach bei der leschter Zielung am Abrëll d'lescht Joer, mellt den neie Rapport vun der UN-Organisatioun UNESCO.
Och den Zougang zur Grondschoul hätt sech fir d'Meedercher staark verschlechtert. 2022 wieren am Ganze 5,7 Millioune Jongen a Meedercher an d'Grondschoul gaangen, 2019 waren et UNESCO-Donnéeën no nach 6,8 Milliounen.
Am Afghanistan ass et Fraen ausserdeem net erlaabt op d'Uni ze goen, Meedercher dierfe just an d'Schoul goen, bis si 12 Joer hunn.
Nieft der Bildung wieren d'Fraen och an anere Beräicher staark benodeelegt, esou d'UNESCO. D'Fraerechter géinge sech ëmmer weider verschlechteren. An nëmmen 3 Joer hätten déi "De-facto-Autoritéiten zwee Joerzéngte vu Progrès an der Educatioun am Afghanistan bal zerstéiert", heescht et am UNESCO-Raport weider. "D'Zukunft vun enger ganzer Generatioun ass elo a Gefor."
Nom Zesummebroch vun der vun den USA ënnerstëtzter Regierung zu Kabul haten d'Taliban de 15. August 2021 d'afghanesch Haaptstad zeréckeruewert. Si hunn e sougenannten islameschen Emirat ausgeruff an hire strenge Glawen un den Islam mat drakonesche Gesetzer duerchgesat, déi virun allem d'Rechter vu Frae limitéieren. Den Afghanistan ass dat eenzegt Land op der Welt, dat Meedercher a Frae verbitt op d'Uni oder soss weiderbildend Schoulen ze goen.