Just e puer Deeg nom Doud vun hirem Kinnek hunn d'Maori op Neiséiland seng Nofolleg designéiert.

Déi 27 Joer al Duechter vum fréiere Kinnek huet d'Kroun iwwerholl. Dausende Mënschen hunn en Donneschdeg gefeiert, wéi d'Nga Wai hono i te po Paki bei enger gréisserer Zeremonie op der neiséilännescher Nordinsel op den hëlzenen Troun koum.

D'Nga Wai ass dat jéngste Kand vum Kinnek Tuheitia Pootatau Te Wherowhero VII., deen e Freideg no enger Häerzoperatioun gestuerwen ass. No hirer Nominatioun duerch d'Maori-Cheffe gouf si vun enger Phalanx aus tätowéierten a mat Speerer arméierte Männer ënner traditionelle Gesäng a Gejäiz bis bei den Troun begleet. Mat enger Bliederkroun, enger Halsketten aus engem Walfëschzant an engem Ëmhang souz déi nei Kinnigin wärend der Zeremonie nieft dem Sarg vun hirem Papp, deem mat enger ganzer Rei vu Ritualer, Gebieder a Gesäng Äddi gesot gouf. Mat véier Krichskanue si seng stierflech Iwwerreschter dono iwwert de Waikato-Floss geruddert ginn. Um Enn vum hellege Bierg Taupiri hu Rugby-Spiller de Sarg de géien Hiwwel erop bis op d'Spëtzt gedroen. Do ginn traditionell déi verstuerwe Maori-Herrscher bäigesat.

De Kinnek oder d'Kinnigin vun de Maori huet virun allem eng zeremoniell Roll a kee rechtleche Status. Fir d'Maori ass d'Bedeitung fir hir Identitéit an hir Kultur immens wichteg.

D'Kinnigin Nga Wai hono i te po Paki ass den 8. Maori-Monarch an déi zweet Fra um Troun. Als eenzegt Meedchen a jéngst vun dräi Kanner kënnt hir Wiel zur Kinnigin éischter iwwerraschend, ma am Hibléck op d'Erausfuerderunge wéi KI a gesellschaftlech Verännerungen ass "eng nei a jonk Generatioun" wuel net verkéiert.

An Neiséiland liewe ronn 900.000 Maori, wat 17 Prozent vun der Bevëlkerung ausmécht.