51 Deeg laang hat Frankräich keng funktionell Regierung, lo huet de President Emmanuel Macron de fréieren EU-Kommissär Barnier zum Premier ernannt.

Den 73 Joer ale konservative Politiker a fréiere Brexit-Negociateur gouf en Donneschdeg vum Macron beoptraagt, eng nei Regierung ze forméieren. Dat huet den Elysée-Palais matgedeelt. Am Virfeld gouf et deeglaang Gespréicher, fir déi richteg Persoun ze designéieren, fir am Land fir méi Stabilitéit ze suergen.

Een ale politeschen Hues vun der moderéierter Droite soll d'Saach a Frankräich riichten. D'Passation des Pouvoirs war am fréien Owend.

De Barnier huet effektiv eng laang Karriär a Frankräich an op EU-Niveau hannert sech. Hie war Ëmweltminister ënnert dem François Mitterrand, Ausseminister ënnert dem Jacques Chirac a Landwirtschaftsminister ënnert dem Nicolas Sarkozy.

Wéi et elo weidergeet an ob et dem Barnier geléngt, eng stabil Regierung opzestellen, wäert sech nach weisen. D'Majoritéit wäert hien am Parlament net kréien. D'Konservativ hate schonn ugedeit, net wëllen Deel vun enger Regierung ze sinn. Si wäerten eng Regierung ënnert dem Barnier awer warscheinlech toleréieren. D'Ënnerstëtzung vum Emmanuel Macron senger politescher Beweegung Renaissance gëllt allerdéngs als sécher.

D'Gauche dogéint ass entsat. Se wëll direkt eng Motion de Censure an d'Spill bréngen. Am festste schléit de Jean-Luc Mélonchon vun der France insoumise op den Dësch. De President Macron hätt d'Wale fir seng Zwecker geklaut an d'Nominatioun vum Barnier wier d'Resultat vum Gemauschels tëscht dem Emanuel Macron an dem riets-
extreme Rassemblement national vun der Marine Le Pen.