E Referendum kéint hëllefen, déi politesch Impasse z'iwwerwannen, déi zanter de Walen am Juli am Land z'observéieren ass, fënnt d’Fraktiounscheffin vum RN.

Déi franséisch Rietspopulistin Marine Le Pen huet de President Macron opgefuerdert, e Referendum iwwer wichteg politesch Froe wéi zum Beispill d’Migratiouns- a d’Sécherheetspolitik, oder nach iwwer d’Gesondheet oder d’Kafkraaft z’organiséieren.

E Referendum kéint hëllefen, déi politesch Impasse z’iwwerwannen, déi zanter de Walen am Juli am Land z’observéieren ass, fënnt d’Fraktiounscheffin vum Rassemblement national.

De Macron huet virun e puer Deeg den konservativen, fréieren EU-Kommissär Michel Barnier als neie Premier nominéiert. Den RN géing eegenen Aussoen no ofwaarden, wat de Barnier a senger Regierungserklärung seet, ier se ee Mësstrauensvott géinge stellen.

E Samschdeg waren honnertdausende Mënschen uechter Frankräich op d’Stroosse gaangen, fir géint de Barnier an de Macron ze protestéieren.