Zuel vun den Doudesaffer klëmmt op 16, an Tschechien ginn nach 7 Leit vermësst
A Polen Éisträich, der Slowakei, Tschechien a Rumänien bleift d'Situatioun opgrond vun den Héichwaasser ugespaant.
An Ungarn gëtt dat schlëmmst nach erwaart.
De Stuermdéif Boris stécht fest iwwer groussen Deeler vun Zentral- an Osteuropa. D’Quantitéite Reen briechen all national Rekorder. Zu Budapest an Ungarn klëmmt d’Donau all 24 Stonnen ëm ee Meter. De Rekord-Nidderschlag vu 473mm Reen op de Meter carré zanter e Freideg gouf am Nordoste vun der Tschechescher Republik gemooss. Et ass 5 Mol d'Moyenne vum Mount. Am Bundesland Niederösterreich, der Regioun ronderëm Wien an Éisträich, gëllt zanter e Sonndeg de Katastrophenalarm.
Eréischt Mëtt dëser Woch, sou Meteorologe, dierft sech d’Wiedersituatioun an Zentraleuropa verbesseren. De Stuerm Boris géif südlech zéien an Direktioun Italien, wou d’Regioun Emiglia-Romagna mat bis zu 150mm Reen kéint getraff ginn.
De Wëssenschaftler no waren alleguer d’Konditioune fir de Stuerm Boris erfëllt: E kale Wiedersystem aus der Arktis trëfft op waarm Loftmasse vum Mëttelmier. De Klimawandel géif déi Entwécklung verstäerken. Fir all Grad Celsius, wou déi global Duerchschnëttstemperatur klëmmt, kann Atmosphär 7% méi Waassermass transportéieren.