Déi pro-europäesch Regierungspartei PAS huet d'Parlamentswalen a Moldawien mat bal 50 Prozent vun de Stëmmen däitlech gewonnen.

Déi pro-europäesch Regierungspartei PAS kënnt bei de Parlamentswalen a Moldawien op bal 50 Prozent vun de Stëmmen a gewënnt domat d'Parlamentswal an engem ugespaante Kontext. Der Presidentin Maia Sandu no hätt Russland nämlech am Virfeld probéiert, d'Walen ze influenzéieren, Russland dementéiert dat awer.

Walen a Moldawien - Reportage Marlène Clement

Ronn 50 Wal-Observateure waren am Optrag vun der Organisatioun fir Sécherheet an Zesummenaarbecht an Europa op der Plaz fir ze kucken, ob alles korrekt ofleeft. Fir Lëtzebuerg waren et de fréieren LSAP-Minister fir d'Landwirtschaft an d'Sécurité Sociale, de Caude Haagen, an den DP-Fraktiounschef Gilles Baum.

Nieft Gespréicher mat de Parteien an der Press stoungen och Kontrollen an de Walbüroen um Programm. De Gilles Baum war sech néng Walbüroen ukucken, fir zum Beispill ze kucken, ob keng Ziedelen an der Urn leien ier de Walbüro iwwerhaapt opgeet.

De Gilles Baum erkläert: "Bon, mir konnten am Fong an deene Walbüroen, wou mir waren, näischt feststellen, mir konnte just feststellen, dass et gutt organiséiert war, dass et professionell gefouert ginn ass. Och an deem Walbüro, wou mer waren, wou ausgezielt ginn ass. An de Moien am Debriefing hu mer am Fong matgedeelt kritt, dass effektiv an 99 Prozent vun de Walbüroen näischt Aussergewéinleches ze melle war. Dat heescht, dass déi Walen do fräi a fair ofgelaf sinn."

Eng gewëssen Tensioun huet de Gilles Baum awer op der Plaz gespuert. Virun de Walen an och um Waldag selwer goufen eng sëllege Cyberattacken op kritesch Infrastrukturen a Moldawien gemellt, an eleng an der Haaptstad Chisinau véier Bommenalarmen an Ambassaden.

"D'Press huet gesot, et wär och versicht ginn, fir si anzeschüchteren. Et gouf 90 Internetsäiten, déi massiv Fake News verbreet hunn, déi awer 25 Millioune mol ugeklickt gi sinn. Also ech mengen, dass dat awer scho kloer Indizie sinn, dass Russland hei alles probéiert, fir dass Moldawien net soll méi no un d'Europäesch Unioun réckelen", sou de Gilles Baum.

Ob dat een Afloss op d'Walresultat hat oder net, ass onkloer. Ëmmerhi läit déi pro-europäesch Regierungspartei PAS däitlech virun dem pro-russesche Block ronderëm de fréiere President Igor Dodon, deen op knapp 25 Prozent vun de Stëmme kënnt. Seng Unhänger behaapten, d’Wale wieren net korrekt ofgelaf. Bierger aus Transnistrien wier den Accès erschwéiert ginn, well am leschte Moment Walbüroen op aner Plaze verluecht goufen an eng Bréck wéinst engem Bommenalarm gespaart gouf. Eng Informatioun, déi den DP-Politiker confirméiert.

"Dat ass effektiv ee Punkt, dee mer an deem Briefing de Moien ugeschwat hunn. D'Bierger aus Transnistrien, dat ass jo déi autonom Regioun, déi awer vu Russland kontrolléiert gëtt, déi haten 12 Walbüroen, wou se dann effektiv aus Transnistrien eriwwer konnte kommen. An déi 12 Walbüroen, déi sinn zwee Deeg virun de Walen op aner Plaze verluecht ginn. An et ass eis och gesot ginn de Moien, dass effektiv d'Brécken zou waren", erkläert de Gilles Baum.

Net méi spéit ewéi e Sonndegmëtteg wier iwwerdeems nach vum Geriicht decidéiert ginn, eng Partei bei de Walen auszeschléissen: "Dat ass zwar eng ganz kleng Partei, eng riets Nationalpartei, mee och dat ass eppes, wat net geet. Du kanns net an engem Walprozess op eng Kéier soen, déi do Partei ass net méi derbäi, wann et trëfteg Grënn ginn, an hei geet et ëm Parteifinanzéierung, da muss een dat Wochen am Viraus maachen an net den Dag selwer."

Zwee Punkten, déi d’Organisatioun fir Sécherheet an Zesummenaarbecht an Europa och an hirem Rapport opwërft, verséchert de Gilles Baum.

Zu Bréissel weist ee sech iwwerdeems ganz zefridden iwwer d'Walresultat. Et wéilt ee Moldawien bei all Schrëtt um Wee fir an d'Europäesch Unioun ënnerstëtzen, esou d'Reaktioun vun der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen.