Een Doudegen an dräi Schwéierblesséierter no Massekläpperei

© JENS BUTTNER / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
An engem Staddeel vu Gelsenkirchen sinn e Sonndeg Owend eng 30 Persounen openee lassgaangen. Sechs Persoune goufen no engem Groussasaz festgeholl.
Am Staddeel Bismarck zu Gelsenkirchen an Däitschland ware géint 20 Auer ronn 30 Leit mat Messer, Elektroschocker a Knëppelen openee lassgaangen. Dobäi gouf e 56 Joer ale Mann déidlech, an 3 weider Persounen liewensgeféierlech blesséiert.
D'Police war am Groussasaz. Sechs Persounen tëscht 16 an 52 Joer goufe festgeholl, dorënner och 3 Fraen. Entretemps ermëttelt d'Mordkommissioun.
Et wier e Sträit tëscht zwee tierkesche Famillje-Clane gewiescht, heescht et aus de lokale Medien. Dës géife nieftenee wunnen a wiere scho méi dacks unenee geroden. Réischt e Freide soll et tëscht béide Lageren zu enger Ausenanersetzung komm sinn. Aus der geplangter Aussprooch e Sonndeg Owend war dunn den déidleche Sträit entbrannt.