Alerte Rouge an der Regioun vu Valencia

© AFP/Archives/Jose Jordan
Zanter e Sonndeg den Owend an nach bis e Méindeg de Mëtten gëllt am Oste vu Spuenien, déi héchste Warnstuf, ausgeléist duerch de ville Reen.
Valencia ass op en neits vu schwéieren Iwwerschwemmunge betraff, dat 11 Méint no der Katastroph vum 29. Oktober 2024, wou duerch d'Waassermassen 235 Mënschen ëm d'Liewe komm sinn.
Am Laf vum Sonnden am Nomëtteg kruten d'Awunner vun der spuenescher Regioun ee Message, et kéint nees zu schlëmmen Iwwerschwemmunge kommen. Och de Premierminister Pedro Sanchez huet ëffentlech opgeruff, déi Betraffe sollen sech a Sécherheet bréngen.
Beim Ongléck vum Virjoer gouf besonnesch déi schlecht Kommunikatioun an den Noutdéngscht kritiséiert. D'Leit waren ze spéit gewarnt ginn. Doropshi koum et zu politesche Streidereien, déi lenks spuenesch Regierung an déi riets Autoritéiten aus der Regioun hu sech géigesätzlech d'Schold ginn.
D'Wiederwarnunge gëllen nach bis de Méinde mat. D'Schoulen, wéi och ëffentlech Gebaier bleiwen de ganzen Dag zou.