Et hat sech déi lescht Wochen iwwer annoncéiert. Israel huet ugefaangen, Buedemtruppen an de Libanon ze schécken.

Ewéi d'israeelesch Arméi op X matdeelt, hätt ee mat "begrenzten, lokaliséierten a geziilte Buedemugrëffer" géint "terroristesch Ziler an Infrastrukture vun der Hisbollah am Südlibanon" ugefaangen. Et géif een Ariichtunge vun der radikaler, schiitescher Miliz a libaneseschen Dierfer hannert der Grenz viséieren. Dës géifen eng direkt Menace fir d'Sécherheet vun de Leit am Norde vun Israel duerstellen.

D'Buedemtruppe géife bei hirem Asaz vun der Loftwaff ënnerstëtzt ginn. Dës géif militäresch Ziler am Gebitt bombardéieren, sou d'Arméi weider. Et géif een alles maachen, wat néideg wier, fir dass d'Awunner vun Nord-Israel nees zeréck an hir Haiser kéinten. 60.000 Israeelien hunn zanter dem Ufank vum aktuelle Konflikt mat der Hisbollah hir Haiser a Wunnengen am Norde vun Israel misse verloossen.

Engem Spriecher vun der israeelescher Arméi no hätt ee Precautioune geholl, fir de Schued un der Zivilbevëlkerung esou niddereg ewéi méiglech ze halen:
"We do not want to harm Lebanese civilians and we are taking measures to prevent that. We will not let 7th of October happen again on any one of our borders. We will continue doing whatever necessary so that Israeli families can return to their homes in safety and security."

D'Hisbollah huet iwwerdeems och um Dënschdeg nees israeeleschen Territoire attackéiert. Ënner anerem wieren zéng Rakéiten an der Géigend vun der israeelescher Stad Meron ofgefaange ginn an och iwwer Metulla goufen Artillerie-Granaten neutraliséiert.

Wéi et dann nach vu Washington heescht, géifen et Indicë ginn, datt den Iran eng Rakéitenattack op Israel preparéiert. Dat sot e Representant vun der US-Regierung. US-Medien zitéieren aus engem entspriechende Communiqué. Eng direkt Attack wäert gréisser Konsequenze fir Teheran hunn, heescht et do.

D'USA géingen d'Preparatioune fir d'Verdeedegung vun Israel aktiv ënnerstëtzen.