Donald Trump: Migrante brénge "schlecht Genen" an d'USA
De Kandidat vun de Republikaner fir d'US-Presidentiellen ass eng weider Kéier mat senger feindlech Rhetorik géint Migranten opgefall.
Hien huet rassistesch Virwërf géint d'Leit mat Migratiounshannergrond geäussert, andeem hie gesot huet, datt si "schlecht Genen" an d'Land bréngen. An engem Radio-Interview, dat den Trump e Méindeg ginn huet, sot de Republikaner, datt seng demokratesch Rivalin Kamala Harris als Vizepresidentin dausende "Mäerder" duerch hir Awanderungspolitik an d'Land gelooss huet.
Vill vun hinne liewen haut "an aller Rou" an den USA. "Dës Mäerder, wësst Dir, denken ech, dat läit an hire Genen", esou den Ex-President. "A mir hunn an där Zäit vill schlecht Genen an eisem Land".
De Rietspopulist setzt am Walkampf op eng extrem Rhetorik, déi feindlech vis-à-vis vu Migranten ass. Bei quasi all Optrëtt a sengem Walkampf riicht hie sech géint d'Leit ouni Pabeieren an erkläert, hie géif am Fall vun enger Victoire eng Massendeportatioun vu Migrante ordonéieren.
Migratioun an d'Situatioun un der Grenz zu Mexiko, iwwer déi vill Leit ouni Pabeieren a Mexiko kommen, ass eent vun de wichtegsten Themen am US-Walkampf. Viru senger leschter Amtszäit (2017 bis 2021) hat den Trump de Bau vun enger Mauer un der 3.000 Kilometer laanger Grenz mat Mexiko annoncéiert, wat awer ni ëmgesat gouf.
Véier Woche virun de Presidentiellen de 5. November leie béid Kontrahente an Harris an den Ëmfroe op ville Plazen op gläicher Héicht. Opgrond vum US-Walsystem wäert d'Wal viraussiichtlech a just wéinege Bundesstaaten decidéiert ginn, an deenen den Ausgang vun de Wale besonnesch enk ass.