Waasser an Europa a kengem all ze gudden Zoustand
© AFP Archivbild
D'Waasserressourcen an Europa wieren der Europäescher Ëmweltagence (EUA) no a Gefor.
"Eis Gewässer sti virun enger onvergläichlecher Rei vun Erausfuerderungen, déi d'Waassersécherheet vun Europa menacéieren", sou d'EUA-Cheffin Leena Ylä-Mononen en Dënschdeg zu Kopenhagen.
Nëmme 37% vun de Séien, Flëss a Baache goufen als "gutt" oder "ganz gutt" klasséiert. Mat Bléck op d'Belaaschtung mat Chemikalie goufen nëmmen 29% vun den Uewerflächegewässer als "gutt" agestuuft. D'Grondwaasser an Europa koum besser ewech. Hei hu 77% e "gudde" chemeschen Zoustand opgewisen.
E gudde cheemeschen Zoustand bedeit, dass d'Waasser fräi vun iwwerméisseger Verknaschtung duerch chemesch Substanzen aus der Landwirtschaft oder potentiell schiedlech Substanze wéi vu sougenannten Éiwegkeetschemikalien (PFAS) oder Mikroplastik ass.
Als Grondlag huet d'Ëmweltagence d'Donnéeë vun den EU-Memberstaaten aus dem Zäitraum 2015 bis 2021 analyséiert, déi hinnen iwwermëttelt goufen. D'Donnéeë vu ronn 120.000 Gewässer an 3,8 Millioune Quadratkilometer Grondwaasservirkommen an 19 EU-Länner an Norwegen goufen ausgewäert.
Trotz Beméiungen, d'Situatioun ze verbesseren, wier een nach ëmmer um Niveau vun 2015. Et wier urgent, datt déi europäesch Waasserversuergung méi resilient an nohalteg gëtt.