An Däitschland ass fir d'éischte Kéier eng Infektioun mat der neier Mpox-Variant Klade Ib confirméiert ginn. Dës breet sech zanter Méint an Afrika aus.

D'Infektioun war lescht Woch e Freideg nogewise ginn, sou de Robert-Koch-Institut (RKI) en Dënschdeg zu Berlin. Dem nordrhein-westfälesche Gesondheetsministère no handelt et sech ëm en 33 Joer al Mann mat Wunnsëtz zu Köln. Hien huet sech wuel an engem ostafrikanesche Land ugestach, sou eng Spriecherin vum Ministère.

De Mann wier de Moment an Isolatioun op enger Statioun am Spidol. Hien hätt am Virfeld opfälleg Symptomer gehat a wier du positiv op Mpox getest ginn. Weider Detailer goufen am Hibléck op de Dateschutz net genannt.

Sämtlech Kontaktpersoune wieren identifizéiert ginn a goufen duerch de Gesondheetsministère opgekläert a betreit. Et géif och keng Gefor fir d'Kölner Bevëlkerung bestoen, sech unzestiechen. An och den RKI geet trotz Noweis net vun engem erhéichte Risk an Däitschland aus. Et wéilt een d'Situatioun awer ganz genee am Bléck behalen.

Fir d'Mpox-Erreeger vu Mënsch zu Mënsch z'iwwerdroen, ass en enke kierperleche Kontakt néideg. Zanter dem Ufank vum Joer sinn an Afrika ronn 1.100 Mënsche gestuerwen, méi wéi 42.000 Infektioune goufen enregistréiert. D'WHO hat dowéinst scho Mëtt August eng gesondheetlech Noutlag vun internationalem Niveau ausgeruff. Eng Infektioun verursaacht Féiwer, Muskelpéng a poukenänlech Pustelen op der Haut.Et kann ee sech impfe loossen, och no e puer Infektiounen.

Bei eisen däitschen Noperen sinn zanter dem éischten Optriede vum Virus am Mee 2022 ongeféier 3.800 Mënschen infizéiert ginn, de Gros bannent den éischte Méint. Doudesfäll gouf et bis ewell nach keng.