"Et ass extreem ongewëss, wéi d’US-Wal ausgeet”
De Philip Crowther ass dëser Deeg besonnesch gefuerdert: Hei ee Portrait vum RTL-Korrespondent, dat virum decisiven US-Vott an zwee Deeg.
A senger zweeter Heemecht Amerika decidéieren d’Wieler nächsten Dënschdeg, ob et eng éischte Kéier eng amerikanesch Presidentin gëtt oder ob den verurteelten Ex-President Donald Trump d’Rudder am Wäissen Haus nach emol iwwerhëlt.
Fir de Philip Crowther huet déi aktuell demokratesch Vizepresidentin Kamala Harris duerchaus Chancë Geschicht ze schreiwen, mee et gi senger Meenung no e puer Zenarien, wéi et kéint ausgoen:
"Mir preparéieren eis drop, dass et um Walowend net gedoen ass"

Zënter 2018 ass hie bei AP.
Dem Journalist mat Lëtzebuerger Originnen no ginn et 3 Méiglechkeeten:
Éischtens:Den Donald Trump gewënnt zimmlech kloer an d’Kamala Harris erkennt seng Victoire un.
Zweetens: D’Kamala Harris ass däitlech vir, den Trump acceptéiert dat net a léisst nozielen.
Drëttens: Et gëtt ganz knapp tëscht deenen zwee Kandidaten, sou dass op e puer Plaze muss nogezielt ginn an da kéint dat sech nach iwwer Deeg a Wochen zéien, bis een definitiivt Resultat gewosst ass.
De Philip Crowther a seng Kollegen stelle sech jiddefalls drop an dass d’Resultat de 6. November net kloer ass
"Ech gesi mech an éischter Linn als Lëtzebuerger"
Dat seet den 43 Joer ale Journalist, dee fir seng Méisproochegkeet bekannt ass: Hie kann ouni Problem a Live-Schaltungen tëscht 6 Sproochen hin an hier jongléieren.

Zu Mamer op gewuess
De Philip Crowther ass zu Mamer opgewuess, seng Mamm huet déi däitsch Nationalitéit, säi Papp war Englänner.
Hien ass dann och als Kand zweesproocheg erzu ginn, huet duerch d’Kolleegen lëtzebuergesch geléiert an an der Schoul natierlech franséisch.
An der Lycéeszäit – déi éischt dräi Joer am Michel Lucius, duerno am Stater Kolléisch- huet hien englesch a spuenesch geléiert. Portugisesch ass als 6. Sprooch bäikomm.

Scho fréi de Sënn fir dat Audiovisuellt.
Den RTL-Korrespondent huet déi Lëtzebuerger, däitsch, brittesch an amerikanesch Nationalitéit, mee fillt sech eegenen Aussoen no an éischter Linn Lëtzebuerger.
Vum Noen Osten iwwer d’Ukrain bis hin zum Hurrikan
Seng éischt Schrëtt am Journalismus huet dee jonke Philip bei RTL a bei Radio Ara gemaach. Hien huet zu London Journalismus studéiert an hat dunn d’Chance, dass bei France 24 grad jonk Leit gesicht goufen. De Franséisch-Test war séier gepackt a sou huet dem Philip Crowther seng international Carrière hire Laf geholl.

Och beim Radio Ara huet hien a seng éischt Mikroe geschwat
Zanter 2018 ass hie bei der weltwäit gréisster Noriichtenagence AP- Associated Press - zu New York engagéiert a reest vun do aus iwwer all Kontinenter.
Ob politesch Reportagen, Walen oder Naturkatastrophen- dem Philip Crowther seng Interventiounen dréie ronderëm déi verschiddenst Aktualitéitsthemen.
Hie schafft fir franséisch, belsch an däitsch Châinen, bei Euronews mécht hien alt Reportagen a 5 verschiddene Sproochen hannereneen an natierlech op lëtzebuergesch fir RTL a Radio 100,7.
Awer och international Televisiounschaînen aus China, Australien oder Neiséiland buchen dem Lëtzebuerger seng Servicer.

Iwwerall op der Welt am Asaz
"Ech hu mäin Job immens gär, live Tëlee maachen, ass mat vill Adrenalin verbonnen", erzielt de polyvalente Reporter
Angscht huet hien dobäi seelen: Och wann hien a Krichsgéigenden wéi an den Noen Osten oder an d’Ukrain geschéckt gëtt, sou ass hien net direkt Krichsreporter un der Front. Entspriechend Erfarungen huet hien awer och scho gesammelt : Zum Beispill 2011 am Biergerkrich a Libyen, wou et net ongeféierlech war. Mee dat Gefill eppes Wäertvolles ze leeschten, well een de Leit aus der ganzer Welt erziele kann, wat do wierklech passéiert - dat ass dat, wat de Philip u sengem Beruff sou gär huet.

Keng Plaz wéi eng aner, dem Philip seng Aarbechtsplaz.
"Ech hunn eng Famill mat vill Respekt fir mäin Job"
De Papp vun zwee klenge Kanner, dee vill reest, huet eng Fra a Famill, déi hie bei senger Aarbecht ënnerstëtzen. “Mee wa meng Kanner mer enges Daags géife soen” Pappa, du bass net genuch doheem “ géif ech mech anescht organiséieren “ – dat steet fir Familljepapp fest.
3 bis 4 mol d’Joer kënnt de Philip Crowther zréck op Lëtzebuerg Famill a Frënn besichen.
Grousse Fan vun de Roude Léiwen
Wann nëmme méiglech, suivéiert hien all Match, ass grousse Fan vun der Lëtzebuerger Futtballnationalekipp
Och nach sportlech ënnerwee: Begeeschterte Marathonmann
Als Ausgläich zum stressege Beruff geet de Philip reegelméisseg lafen. "De Kostüm aus - an d’Lafschong un - dat kann ech op der ganzer Welt maachen" , zielt de passionéierte Leefer, deen dëst Joer och den ING zu Lëtzebuerg matgemaach huet.

Um Waldag selwer: Crowther beim Trump-Team
De Waldag selwer ass de Philip Crowther mam Team vum Donald Trump zu West Palm Beach a Florida a wäert fir e puer Televisiounschaînen déi neisten Entwécklunge suivéieren - och fir RTL Télé Lëtzebuerg .
Festleeën, wéi e gewënnt, well de Philip sech net: "Et ass extreem ongewëss", confirméiert hien eis.
A well et sou Spaass mécht: A 6 Sproochen hannereneen: