Dësen hat seng 72 Joer al Fra Gisèle jo wärend Joren ënner Droge gesat, vergewaltegt, vun anere Männer vergewaltege gelooss an d'Dote gefilmt.

"20 Joer, dat ass engersäits vill, well et sinn 20 Joer vun engem Liewen, egal wéi al een ass (...) Anerersäits ass et ze wéineg, en vue vun der Gravitéit un den Doten, déi begaangen a widderholl goufen", esou d'Procureurin Laure Chabaud e Méindeg.

Nieft dem Dominique Pélicot si jo nach ronn 50 weider Männer ugeklot, déi sech iwwer d'Joren un de Vergewaltegunge bedeelegt hunn. D'Plädoyere sollen deemno nach bis e Mëttwoch daueren. Och hinnen dréie Prisongsstrofe vu bis zu 20 Joer.