Joe Biden wäert u Vereedegung vum Donald Trump deelhuelen

© AFP
Fir den US-President ass et wichteg, fir en esou fléissenden Iwwergang op d'Regierung vum Donald Trump hinzekréien, wéi et iergendwéi méiglech ass.
U sech ass et an den USA üblech, datt de President-sortant un der Vereedegung vum President-elect deelhëlt. Den Donald Trump, dee seng Néierlag bei de Walen 2020 nach ëmmer net verkraaft huet, hat am Januar 2021 mat dëser Traditioun gebrach a war net bei der Vereedegung vum Joe Biden dobäi.
Anescht wëll et awer den aktuelle President maachen. Wéi d'Wäisst Haus matgedeelt huet, wäert den Demokrat bei der Vereedegung vum Donald Trump dobäi sinn. "De President huet versprach, datt hie bei der Vereedegung vum Walgewënner wäert dobäi sinn, egal wien dat wier. Hien an d'First Lady wäerten dëst Verspriechen anhalen [...]", sot de Spriecher vum Wäissen Haus Andrew Bates virun der Press.
Um Dag vun der Vereedegung vum Joe Biden de 6. Januar 2021 waren d'USA an déi ganz Welt iwwert de Marsch op d'Kapitol vun de Supporter vum Donald Trump geschockt ginn. De Republikaner hat deemools onfondéiert Beschëllegunge vu Walbedruch an d'Welt gesat, déi zu dësem Opstand an der US-Haaptstad gefouert haten.
Véier Joer méi spéit wäert den Joe Biden awer bei der Vereedegung dobäi sinn. Fir hien ass dëse Schratt "e wichtege Beweis dofir, datt mir eis demokratesch Valeure respektéieren an de Wëlle vum Vollek honoréieren", esou de Bates weider.
Wärend der Walcampagne hat de Biden den Trump direkt e puer Mol als Gefor fir d'Demokratie bezeechent, mä de President huet sech engagéiert, fir eng esou fléissend wéi méiglech Transitioun hinzekréien, nodeem de Republikaner bei de Wale géint d'Kamala Harris, d'Vizepresidentin ënnert dem Joe Biden, gewonnen hat.
Zanter dem 5. November hu sech déi zwee Presidente schonn e puer Mol am Wäissen Haus getraff an den Joe Biden hat sengem Konkurrent vun de Walen 2020 zu senger Victoire dëst Joer gratuléiert.