Doudesstrof fir d'Truong My Lan vu vietnameeseschem Geriicht confirméiert
© AFP
Et war de wuel gréisste Bedruchsskandal an der Geschicht vum Vietnam. Eng Chance, der Doudesstrof ze entgoen, gëtt et ënnert enger Konditioun.
D'Truong My Lan war d'Cheffin vun der vietnameesescher Immobilien-Entreprise Van Thinh Phat. Wéi Ufank dës Joers opgedeckt gouf, huet si wärend Joren ëmgerechent 11,9 Milliarden Euro duerch Transaktioune mat der Saigon Commercial Bank (SCB) verontreit, wouduerch ee Schued an Héicht vu 25 Milliarden Euro entstanen ass. Dës Zomm entsprécht sechs Prozent vum ganze Bruttoinlandprodukt vum Vietnam.
Am Abrëll gouf si vum Geriicht fir de Bedruch mat der Doudesstrof verurteelt. Een Asproch vun der 68 Joer aler Fra hat der Noriichtenagence AFP no kee Succès, sou datt d'Riichter zu Ho Chi Minh elo d'Strof confirméiert hunn. Eng Méiglechkeet, der Hiriichtung ze entgoen, gëtt et awer, wa si dräi Véierel vun der verontreiter Zomm zeréckbezilt.
Nieft dem Truong My Lan goufen am selwechte Skandal eng Dose weider Beschëllegter festgeholl a géint si ermëttelt. Am kommunistesche Land geet d'Regierung zanter e puer Joer verstäerkt géint Korruptioun vir, sou datt zanterhier scho ronn 1.700 Enquêtë géint méi wéi 4.400 Leit ageleet goufen. Dorënner virun allem Geschäftsleit an och eemoleg Ministeren.