E Gidderschëff, dat ënnerwee a Richtung Mäerter Hafen zu Lëtzebuerg war, war e Sonndeg an der Schleis vu Müden an d'Paart vun dëser gerannt.

No engem Accident an enger Schleis vun der Musel an der Géigend vum däitsche Cochem bleift de Schëffstrafic op der däitscher Säit bis op d'mannst de Mäerz d'nächst Joer ënnerbrach. Dat huet dat däitscht Schëfffaartsamt Mosel-Saar-Lahn e Sonndeg confirméiert.

Beim Accident vum Gidderschëff, dat eng 1.500 Tonne Schrott gelueden hat, goufe béid Paarten aus hirer Verankerung gerappt. Blesséierter gouf et net, ma wéi et zum Accident koum, muss nach gekläert ginn. Wou d'Schëff an d'Paart geknuppt ass, war d'Schleis nach an der Virbereedung an d'Schëff war nach net autoriséiert, eranzefueren.

D’Fléckaarbechte wäerte méintelaang daueren, esou datt d'Schleis wuel fréistens Enn Mäerz 2025 nees a Betrib geholl ka ginn. D'Schëff gouf zwar staark beschiedegt, ma et ass kee Waasser agetrueden. D’Pompjeeë konnte verhënneren, dass Ueleg aus dem beschiedegte Schëff ausleeft.

Wéinst dem Virfall sinn den Ament gutt 70 Schëffer blockéiert, déi u sech op der Musel a Richtung Rhäin ënnerwee sinn.

RTL

© WSA Mosel-Saar-Lahn