De Parquet huet zwee Joer Prisong gefrot, dorënner sechs Méint op Sursis, géint e Mann, dee verdächtegt ass, israeelesch Supporter geschloen ze hunn.

Zwee weider Verdächteger sollen en Donneschdeg viru Geriicht kommen. Hinne gëtt virun allem virgeworf, verschidden israeelesch Supporter gejot, gedréckt a geschloen ze hunn.

Am Geriichtssall goufe Biller vu verschiddene Kläppereien am Zentrum vun Amsterdam gewisen.

An der Nuecht vum 7. op den 8. November goufen d'Supporter vun der Ekipp Maccabi Tel Aviv an de Stroosse vun der hollännescher Haaptstad gejot a geschloen. Fënnef Leit goufen no dësen Attacken, déi vun Holland a verschiddene westleche Länner als antisemittesch beschriwwe goufen, kuerz hospitaliséiert.