Bei der Visitt vum Selenskyj an den USA d'lescht Woch soll den Trump dorop gedrängt hunn, d'ukrainesch Truppen aus der Regioun Donbass zréckzezéien.

Wéi en héichrangegen ukrainesche Vertrieder der Noriichtenagence AFP géigeniwwer erkläert huet, hätt den US-President den ukrainesche President zu Washington d'lescht Woch opgefuerdert, d'ukrainesch Truppen aus den Deeler vum Donbass zréckzezéien, déi nach ënner ukrainescher Kontroll stinn. Dem Vertrieder no wieren d'Gespréicher tëscht Selenskyj an Trump deementspriechend "ugespaant" an "net einfach".

Am Géigenzuch fir d'Opgi vun de Gebidder hätt den Donald Trump Fridden an Aussiicht gestallt, wéi den ukrainesche Vertrieder weider erkläert huet. Et hätt sech ugefillt, wéi wa sech d'Verhandlungen ëm en Enn vum Krich an der Ukrain "an d'Längt zéien" an "am Krees dréien".

Den US-President hat sech nom Gespréich e Freideg zouversiichtlech gewisen, de russesche President zu engem Enn vum Ukrain-Krich beweegen ze kënnen. Anescht wéi vum Selenskyj erhofft, huet den Donald Trump bei der Entrevue awer keng Zouso fir Tomahawk-Marschfluchkierper ginn. Amplaz huet den Trump d'Ukrain e Sonndeg opgeruff, op de russesch besaten Deel vum Donbass ze verzichten. "Loosst e sou zerdeelt, wéi e lo ass."

D'europäesch Staats- a Regierungscheffen, ënner hinnen och de Selenskyj, ënnerstëtzen d'Friddensbeméiunge vum Donald Trump. Gläichzäiteg hu si sech an enger gemeinsamer Deklaratioun dofir ausgeschwat, datt déi aktuell Frontlinn am Ukrain-Krich nëmmen den "Ausgangspunkt" fir Verhandlunge mat Russland si sollt.

Den Donald Trump hat war scho virum Treffe mam Putin an Alaska Mëtt August op de russesche President duergaangen an hat e "Gebittsaustausch" tëscht der Ukrain a Russland gefuerdert. Allerdéngs hat den US-President sech méi spéit awer ëmmer méi enttäuscht iwwer déi weider Attacke vu Moskau gewisen. Enn September hat den Trump souguer gesot, d'Ukrain kéint mat der Hëllef vun der EU hiert komplett Staatsgebitt "a senger ursprénglecher Form zréckgewannen". D'Friddensbeméiunge bis elo hunn awer keen Duerchbroch bruecht. Tëscht Mee a Juli hat et dräi Verhandlungsronnen tëscht russeschen an ukraineschen Delegatiounen zu Istanbul ginn. Dat eenzegt gräifbaart Resultat waren ëmfangräich Echangë vu Gefaangenen.