Drock op Prënz Andrew wéinst Epstein-Affär wiisst weider

Am Buch "Nobody's Girl" huet d'Virginia Giuffre hir Memoiren néiergeschriwwen. Et gouf den 21. Oktober e puer Méint no hirem Selbstmord publizéiert. / © AFP/Niklas HALLE'N
D'Stëmmen, dem Brudder vum brittesche Kinnek seng royal Titelen ofzehuelen, ginn ëmmer méi haart.
Nodeem d'Memoirë vun engem presuméierten Affer vum brittesche Prënz Andrew publizéiert goufen, wiisst den Drock nach weider op de britteschen Adelegen. D'Virginia Giuffre huet jo an hire Memoiren, déi en Dënschdeg posthum publizéiert goufen, de Virworf widderholl, datt de Prënz Andrew si als Mannerjäregt mëssbraucht soll hunn. Den Dag virdrun hate jo scho méi brittesch Parlamentarier gefuerdert, datt den Andrew wéinst de Virwërf a senge fréiere Verbindungen zum US-Millionär Jeffrey Epstein, dee jo wéinst Sexualstrofdote verurteelt gouf, säi royalen Titel offiziell ofgeholl sollt kréien.
D'Virginia Giuffre wërft dem Prënz Andrew an hirem Buch vir, hien hätt de "Sex" mat hir als säi "Gebuertsrecht" ugesinn. D'Memoirë vun der Virginia Giuffre si jo en Dënschdeg erauskomm, nodeem d'US-Australierin sech am Abrëll am Alter vun 41 Joer d'Liewe geholl hat.
Si war d'Schlësselfigur am Mëssbrauchsskandal ëm den Jeffrey Epstein. Si hat dem US-Investor virgehäit, si als Sex-Sklavin mëssbraucht an als Mannerjäreg och un aner Prominenter weidergereecht ze hunn. Ënnert deene Promie wier och de Prënz Andrew gewiescht.
Beim Kenneléieren am Mäerz 2001 wier de Prënz opgefuerdert ginn, hiren Alter ze schätzen. Him wier et och gelongen, d'Giuffre op 17 ze schätzen, schreift si an hire Memoiren. "Meng Duechter ass just e bësse méi jonk wéi s du", soll hien dono gesot hunn. Nodeem de Prënz Andrew Sex mat der Teenagerin hat, hätt si vum Epstein 15.000 US-Dollar kritt. An hire Memoirë schreift d'Giuffre iwwer dräi Mol, wéi si mam Prënz eng sexuell Relatioun hat. Eng dovu wier bei enger Orgie gewiescht, bei där den Epstein, de Prënz Andrew an "aacht aner jonk Meedercher" dobäi waren.
De brittesche Prënz steet zanter Joren ënner Drock, well et Virwërf géint hie ginn a well hie Verbindungen zum Epstein hat. Ma d'Publikatioun vun de Memoirë vun der Virginia Giuffre huet den Drock nach eng Kéier erhéicht. Leschte Freideg schonn hat de Andrew matgedeelt, datt hie säi royalen Titel net méi géif notzen. Déi Decisioun hat hien no engem Gespréich mat sengem méi ale Brudder, dem aktuelle brittesche Kinnek Charles III., getraff.
An awer huet hien d'Virwërf vun der Giuffre eng weider Kéier zeréckgewisen. Hien hätt déi Decisioun awer geholl, well d'Virwërf géint hien "d'Aarbecht" vum Kinnek an "der kinneklecher Famill" géife schueden. Dowéinst wëll hien den Titel vum Herzog vu York net méi notzen. Den Titel vum Prënz géif awer bleiwen.
Dat geet awer ville Leit an och ville Politiker an England net wäit genuch. Ënner anerem gouf e Gesetz agereecht, wat et dem brittesche Parlament oder dem Kinnek géif erlaben, dem Prënz Andrew offiziell den Titel vum Duke of York ofzehuelen. Et soll dem Andrew net iwwerlooss bleiwen, mam Titel ëmzegoen, wéi hien et wëll.
De Rechtssträit tëscht der Giuffre an dem Prënz Andrew war 2022 aussergeriichtlech bäigeluecht ginn. De Prënz konnt esou eng strofrechtlech Poursuitte ma awer och en Zivilprozess mat villen onangeneeme Froen ëmgoen.
Ma och an den USA suergt den Epstein-Fall nach ëmmer fir Schlagzeilen. Den Epstein, dee jo 2019 dout a senger Zell fonnt gouf, soll jorelaang Relatioune mam aktuellen US-President Donald Trump an dem Ex-President Bill Clinton gehat hunn. Vill Kritiker vum Trump, dorënner Leit aus sengem eegene Lager, fuerderen, datt den US-President all d'Dokumenter vum Geriicht esou wéi och sämtlech Aussoe publizéiert.
Obwuel den Donald Trump am Buch vum Virginia Giuffre just eng Nieweroll spillt, gëtt domadder gerechent, datt duerch d'Memoiren den Epstein-Fall och an den USA nees méi an de Vierdergrond rutscht an domadder den Drock op den US-President weider eropgeet.