Nancy Pelosi vu Lëtzebuerger Spidol a Klinik am däitsche Landstuhl geflu ginn

© Maison du Grand-Duc
D'US-Politikerin Nancy Pelosi ass Freideg an eng Lëtzebuerger Klinik ageliwwert ginn, nodeems si sech bei engem offiziellen Engagement blesséiert huet.
Dat mellt ënner anerem d'Noriichtenagence Reuters a verweist op eng Kommunikatioun vum Büro vun der fréierer Speakerin vum Representantenhaus.
RTL-Informatiounen no ass déi 84 Joer al demokratesch Politikerin no enger Audienz beim Grand-Duc gefall.Medezinner aus der US-Delegatioun hunn d'Decisioun geholl, datt d'Nancy Pelosi sech am Spidol soll ënnersiche loossen.
Wéi et vun hire Kommunikatiounsresponsabelen heescht, kréich si en excellenten Traitement a géing weider schaffen. Hire Spriecher Ian Krager sot, si géing bedaueren, datt si net kann un deenen aneren Evenementer vun der Delegatioun deelhuelen.
Antëscht wier d'Politikerin vun engem Spidol hei am Land an e Militärspidol zu Landstuhl an Däitschland verluecht ginn, esou e Beamte vun der amerikanescher Defense géigeniwwer CNN.

Wéi et heescht soll d'Demokratin Nancy Pelosi (ganz ënne riets) an den Trape vum Palais gefall sinn a sech d'Hëft gebrach hunn. / © Maison du Grand-Duc
Wéi et vun der New York Times heescht, wier d'Pelosi gefall, ewéi si d'Marberstrapen am Palais erofgaangen ass an hätt sech dobäi d'Hëft gebrach. Dat wier d'Zeitung vu Leit aus dem Ëmfeld vun der Politikerin gewuer ginn. Dës wéilten allerdéngs anonym bleiwen, well si net offiziell fir d'Politikerin kéinte schwätzen.
D'Nancy Pelosi war hei am Land wéinst Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun der Ardennenoffensiv.