Waasser a Liewensmëttel ginn op franséischer Insel esou lues knapp
Véier Deeg no uerge Wierbelstuerm op der franséischer Insel Mayotte am Indeschen Ozean solle vun de Mëttwoch un Drénkwaasser a Liewensmëttel verdeelt ginn.
En Transportfliger vum Typ A400M huet 23 Tonnen Hëllefsgidder op d'Insel bruecht, déi elo un d'Gemenge verdeelt solle ginn, esou de Minister fir d'Iwwerséiregioune François-Noël Buffet géintiwwer Europe 1.
D'Waasserversuergung funktionéiert op der Insel aktuell just zu 50 Prozent an et besteet e Risiko, mam Bléck op d'Waasserqualitéit, esou de Minister weider. D'Stroumversuergung wier och nach net erëm hiergestallt. An der Nuecht op e Mëttwoch war eng éischte Kéier eng Ausgangsspär tëscht 22 a 4 Auer a Kraaft getrueden, fir ze verhënneren, datt Saache an den zerstéierte Stied an Dierfer geklaut ginn.
De franséischen Inneminister Bruno Retailleau, deen e Méindeg op Mayotte geflu war, huet vun enger "komplett zerstéierter Insel" geschwat. Déi aktuell Zuel vun 22 Doudegen a ronn 1.400 Verletzten hat hien nach als "virleefege Bilan" bezeechent. "Ech fäerten, datt d'Zuel däitlech méi héich wäert sinn", sot hien de Mëttwoch dem Sender BFM. "Ech wäert keng Zuel nennen, well ech et net weess", sot hie weider. Am Mosambik, wou de Wierbelstuerm dono op Land getraff ass, si 34 Leit ëm d'Liewe komm an iwwer 300 goufe blesséiert.
De Retailleau huet dann och nach seng Fuerderung no engem méi strengen Awanderungsgesetz widderholl. "Mir wëssen nëmmen all ze gutt, datt d'Politik vun de Komoren dora besteet, d'Mënsche goen ze loossen", sot hien. "Et ass eng Aart hybrid Krichsféierung, och wann dat Wuert e bëssen iwwerdriwwen ass, andeem d'Populatioun a Richtung Mayotte gedrängt gëtt."
De Chef vun der kommunistescher Partei Fabien Roussel huet dem Inneminister doropshi virgeworf, "keng Anung" vu Mayotte ze hunn. "Vun den 100.000 Leit, déi als Auslänner behandelt ginn, stamen 80 Prozent vun der (komorescher) Insel Anjouan, déi just e puer Kilometer ewech läit", sot hien. "Dat si keng Awanderer [...], si zielen zu dem selwechte Vollek, hunn déi selwecht Hautfaarf, schwätzen déi selwecht Sprooch an sinn och Muslimen", huet hien erkläert.
De franséische President Emmanuel Macron gëtt en Donneschdeg op Mayotte erwaart. Och de Premier François Bayrou, deen an d'Kritik gerode war, well hien net un der Krisesëtzung deelgeholl hat, wëll op d'Insel fléien, "esoubal déi nei Regierung ernannt ass".
De schlëmmste Stuerm, deen d'Insel zanter 90 Joer erlieft huet, war duerch déi héich Temperaturen am Ozean matverursaacht ginn. D'Waasser un der Uewerfläch vum Mier war op bis zu 30 Grad geklommen. No Aschätzunge vu Wëssenschaftler, déi sech u sech all eens sinn, huelen déi extrem Wiedersituatioune an der Suitte vum Klimawandel, dee vum Mënsch gemaach ass, weider zou.
Den Zyklon hat, wéi hien iwwert d'Insel gezunn ass, Wandvitesse vu bis zu 220 Kilometer an der Stonn erreecht an hat d'Barackesiidlungen, wou vill Leit liewen, gréisstendeels zerstéiert.