Kanner sinn am Krich déi, déi am meeschte Leed erdroe mussen. Dëse Message geet vun de Gewënnerfotoe vum Unicef-Concours fir d'Foto vum Joer aus.

Fir déi éischte Kéier sinn zwee Sujete mam éischte Präis ausgezeechent ginn, déi allebéid am Zesummenhank mam Krich tëscht der Terrororganisatioun Hamas an Israel stinn.

"Déi bescht Unicef-Fotoe vum Joer 2024 fuerderen ons op, nozedenken a bréngen eis derzou, fir d'Perspektiv ze veränneren an eis an d'Situatioun vun de Kanner eranzefillen", sou d'Responsabel vum Concours Elke Büdenbender.

RTL

© Christoph Soeder / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP