Festnam wéinst Verdacht op Drogeliwwerung

© AFP (Archiv)
De Liam Payne war de 16. Oktober zejoert am Alter vun 31 Joer vum Balcon vu sengem Hotelszëmmer zu Buenoes Aires gefall a gestuerwen.
Déi argentinesch Police huet ee vun den zwee Männer festgeholl, déi verdächtegt ginn, dem One-Direction-Star Liam Payne viru sengem Doud Droge geliwwert ze hunn. De Mann kritt reprochéiert, dem Payne zwee Deeg viru senger déidlecher Chute vum Balcon vu sengem Hotelszëmmer Kokain geliwwert ze hunn, dat ass d'Noriichtenagence AFP e Freideg aus Policekreesser gewuer ginn. Hien ass ee vu fënnef Verdächtegen, géint déi am Zesummenhang mam Payne sengem Doud eng Uklo erhuewe ginn ass.
De Liam Payne war de 16. Oktober 2024 am Alter vun 31 Joer vum Balcon vu sengem Hotelszëmmer (3. Stack) an der argentinescher Haaptstad Buenoes Aires gefall a war u senge Blessure gestuerwen. A sengem Blutt goufe Kokain, Alkohol an en Antidepressivum, dat ee just op Rezept kritt, fonnt. Als Member vun der Boyband One Direction war hien international bekannt ginn an hat weltwäit Fans.