De liberale Politiker huet seng Demissioun als Chef vu senger Partei an als Chef vun der Regierung annoncéiert.

Hie wëll nach sou laang am Amt bleiwen, bis e Successeur designéiert ass, sot den Trudeau op enger Pressekonferenz zu Ottawa.

Den 53 Joer alen Trudeau war op sengem Posten zënter 2015.

Nieft der Oppositioun hunn och Deeler vun der eegener Partei säi Récktrëtt gefuerdert. Ëmfroe gesinn de Moment konservativ Forcen däitlech virun de Liberalen.

Am Dezember waren et vill Kontroverse wéinst dem Récktrëtt vu senger Finanzministerin ginn. Dat well si sech mam Trudeau net driwwer eens gouf, wéi ee mat de Menacë vum zukünftegen US-President Donald Trump soll ëmgoen, Stroftaxen op kanadesche Wueren anzeféieren.

Och d'Immigratiounspolitik steet an der Kritik an d'Leit sinn onzefridde wéinst der Inflatioun.

D'Land géing "e richtege Choix" verdéngen, wann et zu Neiwalen kënnt.

Den Justin Trudeau sot weider, datt hie fir d'éischt nach mat senger Famill geschwat hätt, ier hie sech decidéiert hätt.

De Kanadier ass awer houfreg op säi Bilan, notamment wat de Kampf géint d'Aarmut géing ugoen.