Diskussioune wéinst angeeblechem Hitler-Grouss

© ANGELA WEISS AFP
Den Tech-Milliardär huet e Méindeg bei de Festivitéite vun der Amtsaféierung vum Donald Trump duerch e Gest a senger Ried fir vill Opreegung gesuergt.
Bei sengem Optrëtt an der Capitol One Arena zu Washington hat den Elon Musk nämlech zweemol de rietsen Aarm a Richtung Zuschauer gestreckt - e Gest, dee staark un de faschistesche Grouss aus der Nazi-Zäit erënnert.
Dobäi huet den Elon Musk de Supportere vum Donald Trump Merci gesot: "Merci, datt dir et erméiglecht hutt. Mäin Häerz schléit fir Iech!" Seng Hand ass och vum Häerz Richtung Publikum gaangen.
An de sozialen Netzwierker huet den Ënnerstëtzer vum US-President Donald Trump dowéinst hefteg Kritik missen astiechen. Ënner Experten ass awer ëmstridden, ob et sech hei tatsächlech bewosste ëm e faschistesche Gest vum Musk gehandelt huet. Medieberichter no géif de Musk a rietse Kreesser iwwerdeems fir säi Gest gefeiert ginn.
Den Musk selwer léisst d'Kritik u senger Aarm-Beweegung net gëllen a schreift op sengem Onlineservice X, datt seng Géigner "besser knaschteg Tricken" bräichten. D'"Jiddereen ass Hitler"-Attack vu senge Géigner wier "souuu laangweileg", schreift hie weider a sengem Post.
An der ganzer Diskussioun ëm den "Hitler-Gruß" gëtt vu Medien an och vu Presseagencë wéi der AFP drop higewisen, datt den Elon Musk am Joer 2021 erkläert hat, datt hien ënnert dem Asperger-Syndrom géif leiden. Dat ass eng Form vun Autismus, déi méiglecherweis säi soziaalt Behuele beaflosst.
De Chef vun ë. a. den Entreprisen Tesla a SpaceX hat de Rietspopulist Donald Trump am Walkampf mat iwwer 270 Milliounen Dollar ënnerstëtzt.