Méi wéi 300 Schülerinne verschleeft, ronn 50 konnte flüchten
© AFP
Nodeems e Freideg iwwer 300 Meedercher nuets vu bewaffenten Ugräifer verschleeft goufen, koum e Sonndeg d'Nouvelle, datt ronn 50 dovu flüchte konnten.
An der Nuecht op e Freideg goufen an Nigeria méi wéi 300 Schülerinnen aus engem kathouleschen Internat fir Meedercher entfouert. Bewaffent Ugräifer haten ee Sécherheetsmann erschoss a sinn doropshin an d'Schoul St. Mary's agedrongen, wou si nieft den am Ganzen 303 Schülerinnen am Alter tëscht aacht an 18 Joer och 12 Enseignantë verschleeft hunn. E Sonndeg huet déi Chrëschtlech Vereenegung vun Nigeria da matgedeelt, datt ronn 50 vun den entféierte Kanner d'Flucht gelongen ass. Iwwert de Gesondheetszoustand vun den anere Kanner an Enseignanten ass nach näischt bekannt.
Zanter e puer Joer ginn zemools am Nordwesten an am Zentrum vun Nigeria ëmmer nees Mënsche vu kriminelle Bande verschleeft, vun deenen da Léisegeld gefuerdert gëtt. Dausende vun entféierte Persoune sinn op dëse Wee schonn ëm d'Liewe komm. Déi lescht Attack läit net mol eng Woch zréck, wou 25 Schülerinnen aus engem Internat zu Kebbi am Nordweste verschleeft goufen.
Als Reaktioun op déi neisten Attack huet den nigerianesche President Bola Tiubu seng Participatioun um G20-Sommet ofgesot. Och de Poopst Leo XIV. huet zu Roum opgeruff, fir déi entféiert Kanner ze bieden an huet gläichzäiteg eng direkt Fräiloossung gefuerdert.