An Nordhrein-Westfalen souz e Lokomotivfürer mat bal dräi Promill hannert dem Steier vun engem Regionalexpress.

Opgefall war säin Zoustand, well den 53 Joer ale Mann net wéi geplangt op der Gare zu Rheda-Wiedenbrück stoe bliwwe war, mä weidergefuer war a matten op fräier Streck gebremst huet. Dat mellt d'Police vu Münster e Méindeg a preziséiert, datt et virdru schonn "Onreegelméissegkeete" beim Zoumaache vun den Diere ginn hätt.

Wärend dem net-geplangten Halt huet e Schaffner den Alkohol beim Maschinist geroch a verhënnert, datt dëse weider fiert. D'Police huet de Mann festgeholl an en Alkoholtest mat him gemaach, deen 2,67 Promill nogewisen huet. Well de Mann Unzeeche vun enger psychescher Ausnamesituatioun gewisen huet, koum hien an d'Spidol. Vun de ronn 250 Passagéier gouf kee blesséiert. D'Pompjeeën haten den Zuch tëscht Rheda-Wiedenbrück an Oelde evakuéiert.