D'Relatioune mat den USA an Indien solle weider verdéift ginn
© Dursun Aydemir / ANADOLU / Anadolu via AFP
Spéitstens zanter den Donald Trump nees President ass, huet de weltwäiten Handel ferm den Hick.
Dat virun allem wéinst den Douanestaxen, déi d'USA op vill Produiten aus enger ganzer Rei Länner erhiewen. Virun deem Hannergrond kommen e Méindeg d'EU-Handelsministeren zu Bréissel beieneen. Bei deem Sommet sinn och héichrangeg Vertrieder vun der US-Regierung mat dobäi. Ma et geet awer net just ëm d'Relatioune mat den USA.
Woubäi een awer soe muss, datt déi transatlantesch Bezéiungen dëse Sommet schonn dominéieren. Am Juli hate sech d'EU an d'USA jo op een Handelsofkommes gëeenegt, dat virgesäit, datt op déi meeschte Produiten, déi vun der EU an d'USA geliwwert ginn, eng Douanestax vu 15 Prozent bezuelt muss ginn. Am August hat et eng gemeinsam Erklärung vun der EU an den USA iwwert den transatlanteschen Handel ginn, deen 1,6 Billioun Euro d'Joer ausmécht. Fir een Tëschebilan vun der Ëmsetzung vun deem Ofkommes ze zéien, si bei der Reunioun e Méindeg nieft de 27 EU-Aussenhandelsministeren och den US-amerikaneschen Handelsminister Howard Lutnick an den Handelsbeoptraagte Jamieson Greer mat dobäi. Den EU-Handelskommissär Maroš Šefčovič huet e Méindeg de Moien ënnerstrach, datt et net bei de Wierder bliwwe wier, mee d'EU scho geliwwert hätt.
"Zum Beispill huet d'EU dëst Joer amerikanesch Energie, dorënner falen LNG, Atom an Ueleg, an Héicht vun 200 Milliarden Dollar kaaft. D'LNG-Importer aus den USA maachen elo 60 an net méi 45 Prozent vun den europäeschen LNG-Importer aus, gedriwwen duerch laangfristeg Kontrakter. EU-Investitiounen an den USA sinn och an d'Luucht gaangen, an zwar op 154 Milliarden Euro zanter Januar."
Et géing een elo dorunner schaffen, d'Tariffer notamment um Stol ze reduzéieren, dat och virum Hannergrond vun enger weltwäiter Iwwerkapazitéit. Doriwwer eraus géing et och dorëms goen, an Zukunft zouverlässeg Liwwerunge vu kritesche Mineralien ze assuréieren. Um Sommet geet et awer och ëm d'Handelsrelatioune vun der EU mat anere Länner, virun allem Indien. Indien ass mat engem Volume vun 115 Milliarden Euro den zéngtgréissten Handelspartner vun der EU, ëmgedréint ass d'EU mat Wueren am Wäert vun 120 Milliarden Euro den zweetgréissten Handelspartner vun Indien. Den EU-Kommissär weist sech um Bord vun der Reunioun virsiichteg optimistesch, datt déi Gespréicher geschwë wäerten ofgeschloss kënne ginn.
"Mir plangen eng weider Ronn vun Negociatioune viru Chrëschtdag, ech wäert dofir an Indien reesen. Mir ware bei de Verhandlungen nach ni esou wäit, mee dee leschten Deel ass ëmmer dee schwéiersten."
Da schwätzen d'Aussenhandelsministeren och nach iwwert déi aktuell Handelsrelatioune mat China an doriwwer, wéi déi an Zukunft ausgesi kéinten. Am Joer 2024 huet den Handel tëscht der EU a China méi wéi 845 Milliarden Euro ausgemaach.
Lëtzebuerg ass iwwregens net duerch den Ausseminister Xavier Bettel, deen och fir den Aussenhandel zoustänneg ass, um Sommet vertrueden. Hien hëlt aus private Grënn net deel a gëtt duerch de Lëtzebuerger Ambassadeur bei der EU, den Nicolas Mackel, ersat.