Hei am Land gouf e Sonndeg och viru glate Stroosse gewarnt. Duerch déi relativ douce Temperaturen ass Schlëmmeres ausbliwwen.

Anescht bei eisen däitschen Noperen. Do koum et wéinst spigelglate Stroossen zu villen Accidenter. Een dovun, an der Nuecht op e Méindeg a Bayern, hat déidlech Suitten. Ma och a Baden-Württemberg ass een Automobilist ëm d'Liewe komm, a villen anere Bundeslänner huet et gerabbelt. An de meeschte Fäll ass et beim Materialschued bliwwen.

Wéi d'däitsch Police präziséiert, ware beim Accident op der Autobunn 93 am bayresche Landkrees Schwandorf an der Oberpfalz zwee Camionen an eng Camionnette involvéiert. Ee vun de Camione war un d'Schleidere geroden, duerch d'Leitplank an der Mëtt vun der Fuerbunn gebrach an et koum an der Suitte zu weideren Accidenter. Dräi Männer, déi an der Camionnette souzen, waren nach op der Plaz dout. Dräi weider Persoune goufe blesséiert, zwee dovu schro, déi aner liicht.

An der ganzer Oberpfalz koum et zu 44 wiederbedéngten Accidenter. An de meeschte Fäll si Camionen a géie Montéeën hänke bliwwen oder hunn den Trafic blockéiert. Duerch de Schnéi koumen nieft schwéiere Gefierer sëllegen Autoen un d'Rutschen a koumen entweder vun der Strooss of, hu sech iwwerschloen oder krute Beem oder aner Géigestänn ze paken.

Bei Geisingen a Baden-Württemberg ass e Mann vun 68 Joer op der Autobunn 81 déidlech verongléckt. Säi Won war an een aneren Auto an an eng Leitplank geschleidert. Och hei koum all Hëllef ze spéit. D'Persoun am anere Gefier koum schwéier blesséiert mam Rettungshelikopter an d'Spidol.

An Niederbayern huet d'Police e Méindeg de Moien eleng tëscht 5 an 8.30 Auer moies knapp 30 Accidenter gemellt kritt, nodeems et ugefaangen hat mat schneien. Zum Groussdeel ass et beim Materialschued bliwwen, eng Persoun gouf liicht verwonnt.

Da koum et an der Nuecht nach a Schleswig-Holstein zu glate Stroossen an Accidenter mat Blesséierten, an Nordrhein-Westfalen a Thüringen blouf et beim Materialschued. Am Groussraum Dresden a Sachsen huet d'Police bis e Méindeg de Moie 46 Virfäll am Trafic gemellt kritt, mat am Ganzen dräi Blesséierten.

De Gros vun de Chaufferen, déi an Accidenter mat hire Gefierer involvéiert waren, ware mat Summerpneuen ënnerwee. A Rheinland-Pfalz zum Beispill huet e Chauffer vun 22 Joer mat sengem Won mat Summerpneuen op glater Strooss iwwerholl a krut en Auto ze paken, deen him entgéintkoum. An deem Gefier goufen zwou Persounen uerg verwonnt. De jonke Mann gouf liicht blesséiert.

Den Däitsche Wiederdéngscht huet d'Warnung fir e Méindeg am Nomëtteg nees opgehuewen. An den nächsten Deeg soll et an Däitschland virun allem südlech vun der Donau respektiv an den Alpen,  sou wéi an Deeler vu Bayern weider schneien. Am Rescht vum Land soll et just lokal nach glat ginn, awer allgemeng manner wanterlech.