Et wier e gutt Resultat fir Däitschland an och Europa, esou de Luc Frieden, dee betount huet, eng Koalitioun aus zwou Parteie wier besser, wéi eng zu dräi.

De Lëtzebuerger Premier Luc Frieden ass ganz zefridde mam Resultat vun den däitsche Bundestagswalen. Wann ee géing gesinn, dass zwou grouss Parteien aus der Mëtt eng stabil Regierung kënnen op d’Bee stellen, wier dat ganz positiv.

Lëtzebuerger Premierminister Luc Frieden iwwer d'Resultat vun de Bundestagswalen

Wuelstand a Sécherheet, dat wieren déi zwee grouss Themen, déi d’CDU/CSU wäert mat an déi nächste Regierung huelen a ganz allgemeng géing ee gesinn, dass eng Koalitioun aus zwou Parteie besser ass, wéi eng Koalitioun zu dräi. Dofir wier dëst e gutt Resultat fir Däitschland an Europa.

An den Ae vum Premier Frieden wier et och richteg, d’AfD auszeschléissen. D’AfD wier nämlech eng Partei mat Positiounen, déi wäit wech si vun der politescher Mëtt, notamment pro-russesch a géint den Euro. Et misst een awer versichen, aus der politescher Mëtt eraus ze leeden. Dofir géing hie begréissen, dass d’Unioun keng Koalitioun mat der AfD ageet, obwuel si zweetstäerkst Partei sinn. De Luc Frieden betount awer och, dass et wichteg wier ze verstoen, firwat d'Wieler esou gewielt hunn. An alle Länner wou sech d’Extremer méi staark manifestéieren (Däitschland, Éisträich, Frankräich, Holland)  misst ee kucken, firwat d’Leit esou wielen. Et wiere virop Ongerechtegkeetsgefiller an Ängschte virun der Migratioun. Déi Suerge muss een eescht huelen, also net mat der AfD regéieren, mee hir Wieler eescht huelen, fënnt de Lëtzebuerger Premier.

Xavier Bettel: "Mir brauchen op gemeinsam Probleemer gemeinsam Léisungen"

Och de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel huet am Interview ënnerstrach, wéi wichteg et wier, d'Suerge vun de Leit eescht ze huelen. Extreem Parteie wéi beispillsweis d'AfD, Linke oder BSW géife soss profitéieren an einfach Äntwerten op komplizéiert Froe ginn, esou den Ausseminister, dee betount huet, datt grad Sujete wéi d'Migratiounsfro eng gemeinsam Politik an e gemeinsaamt Virgoen erfuerderen.

Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel iwwer Resultat vu Bundestagswalen

Gemëschte Reaktiounen aus der Lëtzebuerger Politik

Den CSV-Fraktiounspresident Marc Spautz seet sech erféiert, datt d‘AfD 20% krut an datt et bei de Resultater e groussen Ënnerscheed tëschent West an Ost gëtt.

Ënnert dem Stréch wier hien awer zefridden iwwer d‘Walresultat vun der Unioun: "Also ech si lo mol frou, dass d'CDU déi stäerkst Partei ginn ass an Däitschland, awer schued, dass se net iwwert déi 30 % komm sinn, déi si sech selwer virgesinn haten. Dat hätt d' Situatioun vill méi kloer gemaach. Wat awer elo gutt ass, dass et méiglech ass, dass zwou Parteien, d'CDU an d'SPD zesummen eng Regierung kënne bilden, wou ech mer awer och ka virstellen, dass dat net esou einfach wäert ginn, well dass déi Programmer tëschent der CDU an der SPD, wat elo an de Walen op alle Fall war, do ware verschidde Punkten, déi net déi selwecht waren, wat sécherlech och net wäert dofir suergen, datt vun haut op muer eng Koalitioun ze stane kënnt, dass et awer wichteg ass, fir Europa, dass et eng stabil Koalitioun an Däitschland gëtt."

Perséinlech wier hien iwwregens net frou iwwer d‘Astellung vum Friedrich Merz  zu de Grenzkontrollen an och net iwwer déi rezent Ofstëmmung iwwer d‘Migratioun mat de Stëmme vun der Afd, sou de Marc Spautz.

Zu de Walgewënner gehéiert iwwerraschend och „Die Linke“. De Lëtzebuerger Deputéiert vun Déi Lénk  David Wagner seet, datt et besonnesch de Moment wichteg wier, e staarke lénke Géigepol ze hunn. Datt d‘Bündnis Sahra Wagenknecht et net an de Bundestag era gepackt huet, wier ze begréissen: "D'Sahra Wagenknecht huet soss näischt gemaach, wéi u sech d'Theemen, déi d'AfD uschwätzt, salonsfäeg ze maachen. U sech komescherweis huet d'Sahra Wagenknecht nach just iwwert net sozial Theeme geschwat , mä just iwwert Migratioun. Also ech mengen et ass scho verdéngt, datt si net an de Bundestag erakomm sinn".

Die Linke hätt bal 9% kritt, well se kloer gemaach hätt, datt se op hiren Theme keng Kompromësser mécht, wat besonnesch bei Jonke gutt ukéim, sou nach den David Wagner.