Däitschland steiert no de Walen um Sonndeg op e Regierungswiessel zou.

Hei geet et bei de Liveticker vun den däitsche Walen

D'Unioun vum Kanzlerkandidat Friedrich Merz ass déi mat Ofstand stäerkste Kraaft mat 28,5 Prozent ginn, ma dat mat dem bis ewell zweetschlechtste Resultat bei Bundestagswalen.

D'SPD vum Kanzler Olaf Scholz ass mat 16,4 Prozent op hiert schwaachst Resultat an hirer Geschicht erofgefall a kënnt national just nach op Plaz 3.

Déi Gréng sinn op 11,6 Prozent vun de Stëmme gefall an hoffen op eng Optioun an enger Koalitioun.

Et sinn déi politesch Extremitéiten, déi gestäerkt gi sinn. D'AfD zitt als zweetstäerkst Partei an de Bundestag mat 20,8 Prozent vun de Stëmmen an der Verdueblung vun hirem leschte Score. D'Linke leet däitlech zou mat 8,8 Prozent vun de Stëmmen.

Fir d'FDP a BSW geet et dann den aktuellsten Héichrechnungen net duer, fir an de Bundestag ze kommen, woufir ee jo d'Grenz vu 5% muss packen. D'FDP kënnt op nëmme ronn 4,3% an domadder sécher net an de Bundestag. An och d'Bündnis Sahra Wagenknecht packt et mat 4,972% vun de Stëmmen sou ganz just net an de Bundestag.

Mat gutt 82% war et déi héchste Walbedeelegung zanter 1987.

Nei Regierung bis Ouschteren

Den CDU-Chef Friedrich Merz wëll bis Ouschteren säi Regierunsoptrag fir d'Unioun ëmsetzen, dat awer wéi ëmmer nees betount net mat der AfD, déi awer d'Hand ausstreckt a sech als nei Vollekspartei gesäit, déi just op déi nächst Neiwale misst waarden, wann et wierklech net zu enger Koalitioun mat der Unioun kënnt, sou d'Alice Weidel.

Fir de Merz war um Sonndeg den Owend net direkt kloer, mat wiem hie kéint verhandelen, well d'Resultat vun de Liberalen nach net offiziell war. Dofir wollt een net ufänke mat Spekulatiounen.

De Friedrich Merz wéilt mat alle Parteien aus der "demokratescher Mëtt" schwätzen. Wichteg Vertrieder vun der SPD-Féierung hu sech oppe gewise fir Gespréicher. Eng Zweeërkoalitioun tëscht SPD an Unioun ass jo elo reng rechneresch méiglech, dat well BSW an FDP de Sprong net an de Bundestag packe wäerten.

Batter Defaite fir d'SPD an de Kanzler

Ee Kanzlerkandidat  Boris Pistorius hätt Sondagen no ee vill bessere Score gehat, wéi den Olaf Scholz.

Et ass awer séier kloer ginn, datt de Kanzler Scholz net wéilt selwer d'Verhandlungen fir eng eventuell schwaarz-rout Koalitioun féieren. Hien huet perséinlech Konsequenzen annoncéiert, well hie jo just fir de Poste vum Kanzler kandidéiert hätt. Dat wier den eenzege Poste, fir deen hien zur Verfügung gestanen hätt.

Bei der SPD gëtt iwwer de Generatiounswiessel nogeduecht, eng noutwenneg Zäsur misst kommen, sou de Chef Lars Klingbeil.

Kenia-Koalitioun?

Oppe fir eng Koalitioun mat Schwaarz-Rout huet sech de grénge Kanzlerkandidat Robert Habeck gewisen. "Falls es Bedarf für eine Kenia-Koalition gibt, kann man mit uns  darüber reden", D'Walresultat huet den Habeck als duerchwuessen bezeechent.

"Interimskanzler Merz"

D'Cheffin vun der AfD Alice Weidel huet um Sonndeg den Owend déi massiv Hausse vun der Partei een "historescht Resultat" genannt.

Well awer all déi aner Parteien eng Zesummenaarbecht mat der AfD ausschléissen, geet déi an Deeler rietsextreem Partei weider an d'Oppositioun. Am Oste vum Land ass d'Dominanz vun der AfD par Rapport zu de fréiere grousse Volleksparteien däitlech. Nom "Interimskanzler Merz" géing ee bei den nächste Walen als Gewënner so stoen, sou d'Alice Weidel an der Berliner Runde.

Bundestagwalen 2025: D'Alice Weidel schwätzt vun engem historesche Resultat
D'AfD wier op nationalem Niveau nach ni esou staark an Däitschland gewiescht.

Äddi vum Christian Lindner

Den FDP-Chef Christian Lindner huet sech an der Berliner Runde schonn aus der Politik verabschit. Et misst ee realistesch bleiwen. Wa seng Partei net am Parlament vertruede wier, géing hie sech zréckzéien. Hien huet dem Friedrich Merz vill Gléck gewënscht an huet vun Dankbarkeet fir déi lescht Jore geschwat.

Iwwerraschungserfolleg 

D'Spëtzekandidatin vun der Linke Heidi Reichinnek huet Merci gesot, fir de Gewënn vu Prozenter um Walowend, wat een och duerch vill Stëmme vu jonke Wieler fäerdeg kritt hätt. Et wéilt ee weider wichteg Oppositiounsaarbecht leeschten.

Bundestagswalen 2025: Heidi Reichinnek
D'Spëtzekandidatin vun die Linke weist sech zefridde mam Resultat vun hirer Partei

Wat fir Konsequenze fir Walechec?

Fir d'Bündnis Sahra Wagenknecht war et um Sonndeg den Owend nach net kloer, ob ee kéint an dat däitscht Parlament kéint anzéien. Ma e Méindeg de Moie war et du wuel kloer, dass de Sprong an de Bundestag hauchdënn net duergaangen ass, dat mat 4,972% vun de Stëmmen.

Fir d'Unioun sinn tëscht 207 an 209 Mandater virausgesot, ënner der Konditioun, datt FDP an BSW net an de Bundestag anzéien.

D'AfD kënnt op 149 Sëtz am Bundestag, d'SPD op 119 Mandater, déi Gréng op tëscht 88 an 90 Mandater an d'Linke op tëscht 62 an 63 Sëtz.

Gratuléiert hunn um Walowend schonn ënner anerem den US-President Donald Trump

ma och de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden.