De Kreml huet Gespréicher doriwwer, fir de vun der Ukrain occupéierten Terrain zeréckzeginn, als "ausgeschloss" deklaréiert.

De Status vun den Territoiren als Deel vu Russland wier "net ze bestreiden an net ze verhandelen", esou de Kreml-Spriecher Dmitri Peskow en Donneschdeg. Zu Istanbul hate sech an där Zäit Vertrieder vun den USA a Russland zu Gespréicher getraff, fir déi bilateral Bezéiungen nees ze normaliséieren.

De Peskow hat d'Haltung vu Russland mat der Verfassung vum Land begrënnt. "D'Territoiren, déi zum Deel vun der Russescher Federatioun gi sinn a mat der Verfassung vun eisem Land verankert sinn, sinn en Deel vun eisem Land, deen een net dovun trenne kann", esou de Kreml-Spriecher.

Moskau hat 2022 d'Annexioun vun de véier süd- an ostukrainesche Regiounen erkläert, déi allerdéngs bis haut just zum Deel ënner russescher Kontroll sinn. Schonn 2014 hat Russland déi ukrainesch Hallefinsel Krim annektéiert. D'Ukrain an déi meescht international Observateure stufen dës Annexiounen als "Illegal" an.

Kiew huet d'Erklärung vu Moskau zeréckgewisen. D'Ukrain huet international unerkannt Grenzen, esou de e Spriecher vum ukraineschen Ausseministère. Et wier "lächerlech ze gesinn, wéi déi russesch Responsabel sech op déi russesch Verfassung bezéien", fir d'Annexioun ze rechtfäerdegen, esou de Georgiy Tychy. "Russland ka keen eenzegen ukraineschen Territoire beusprochen".

Antëscht koume virum Hannergrond vun de jéngsten diplomateschen Rapprochementer tëscht den USA a Russland Vertrieder vu béide Länner zu engem Meeting an der Residenz vum US-Generalkonsul zu Istanbul zesummekomm, fir iwwert eng Normaliséierung vun den diplomatesche Bezéiungen ze schwätzen. Inhalter vum Gespréich goufe bis ewell keng bekannt gemaach.

De russesche President Wladimir Putin huet begréisst, datt d'Bezéiunge mat den USA nees kéinten opgeholl ginn. "Den éischte Kontakt mat der neier US-Regierung mécht Hoffnung", esou de Kremlchef bei engem Meeting vum russesche Geheimdéngscht FSB iwwert d'Léisung vu "Problemer" wéi dem "Konflikt" an der Ukrain. Hie wier zouversiichtlech mam Bléck op d'Zukunft zu de Bezéiunge mat den USA. "Et gëtt e gemeinsame Wëllen, fir drun ze schaffen, fir d'Bezéiungen nees hierzestellen.

Datt een d'Bezéiungen nees hierstelle wëll, bezeechent de Kreml-Spriecher Peskow als "Prozess", dee "mat dem politesche Wëlle vu béide Länner an der Bereetschaft, eneen nozelauschteren,"  bewältegt kéint ginn.

D'Gespréicher zu Istanbul hunn als Zil, d'Aarbecht vun den diplomatesche Vertrieder vu béide Länner ze normaliséieren. Wärend er Amtszäit vum US-President Joe Biden hate Russland an d'USA géigesäiteg d'Personal vun den Ambassaden aus dem Land verwisen.

Den zanter Januar amtéierenden neien US-President Donald Trump huet eng 180-Grad-Kéier an der US-Politik géintiwwer Russland an der vu Russland attackéierter Ukrain gemaach. No engem iwwerraschenden Telefonat mam Putin huet den Trump déi leschte Woche säin Ausseminister Marco Rubio fir Gespréicher mat sengem russeschen Homolog Sergej Lawrow op Riad geschéckt. Do hu béid Säite Gespréicher iwwert de Konflikt an der Ukrain gefouert.

E Méindeg hunn d'USA sech dann bei enger Ofstëmmung vun de Vereenten Natiounen un d'Säit vu Russland gestallt an evitéiert, déi russesch Invasioun an der Ukrain ze verurteelen.

Den NATO-Member Tierkei versicht, fir bei de Verhandlunge iwwert en Enn vum Krich an der Ukrain eng Roll ze spillen. Am Mäerz 2022 hat d'Land schonn zwee Mol direkt Gespréicher tëscht Moskau a Kiew organiséiert.