Zéng Joer ass et hier, dass de Fluch mat der Nummer 9525 vun der däitscher Fluchgesellschaft Germanwings an de franséischen Alpen erofgefall ass.

150 Persoune ware beim Accident ëm d'Liewe komm. E Méindeg sinn d'Familljemembere vun den Affer fir eng Gedenkfeier zu Le Vernet zesummekomm. An deem Kader huet de Chef vum Virstand vun der Lufthansa, zu där Germanwings gehéiert, den Hannerbliwwene vun den Affer säi Matgefill ausgedréckt.

Ronn eng Dose Leit hunn um Méindegmoien um Kierfecht vu Le Vernet Blummen néiergeluecht. Hei sinn an engem grousse Graf d'Iwwerreschter vun den net-identifizéierten Affer vum Fliger-Accident begruewen. Nieft den Hannerbliwwene vun den Affer hunn och déi däitsch Vize-Konsulin an d'Buergermeeschtere vun de betraffene Gemengen un der Gedenkfeier deelgeholl.

Duerno gouf et dann eng zweet Gedenkfeier um Bord vu Le Vernet. An deem Kader gouf dann och um 14.01 Auer, dem Zäitpunkt, op deem de Fliger virun zéng Joer erofgefall ass, eng Schweigeminutt ofgehalen.

Och um König-Josef-Gymnasium am däitschen Haltern am See gouf et eng Gedenkminutt. E puer honnert Schüler hunn hei de fréiere Schüler a Proffe vum Lycée geduecht, déi beim Accident ëm d'Liewe komm waren.

Wat war virun zéng Joer passéiert?

De 24. Mäerz 2014 war eng Maschinn vun der däitscher Fluchgeselsschaft Gernamwings bei Le Vernet an de franséischen Alpen an e Bierg gerannt. Alleguer d'Passagéier ware beim Accident ëm d'Liewe komm. Ënnert den Affer waren 72 däitsch Staatsbierger, dorënner 16 Schüler an zwou Proffe vun Haltern am See.

Am Kader vun der Enquête, déi nom Accident lancéiert gouf, huet sech erausgestallt, dass de 27 Joer ale Co-Pilot vun der Maschinn, de Fliger express géint de Bierg gesteiert huet. Weider koum eraus, dass de Mann net hätt dierfen um Steier vum Fliger sëtzen. Hien hat den Ament vum Accident mat psychesche Probleemer ze kämpfen. Dowéinst hat hien am Virfeld vum Vol eng Partie Dokteren opgesicht. De Mann war dann och fir den Dag vum Tëschefall krank geschriwwen, hat der Fluchlinn den Attest vum Dokter awer virenthalen. Eng fréier Ausbildung hat hie wéinst enger Depressioun missen ofbriechen.

Kuerz virum Vol hat de Mann am Internet recherchéiert, wéi d'Diere vum Cockpit vun der Maschinn funktionéieren. D'Auswäertung vun der Blackbox vum Fliger huet dann erginn, dass de Mann, wéi de Pilot vun der Maschinn op d'Toilette war, d'Diere vum Cockpit vu bannen zougespaart, an de Fliger express an e Bierg gesteiert huet.