US-Taxe fir déi ganz Welt, sou kann een d'Annonce vum US-President resuméieren. De Generaldirekter vun der Chambre de Commerce reagéiert am RTL-Interview.

De geneeën Impakt anzeschätzen wier den Ament schwiereg, esou de Carlo Thelen:

"Ech mengen et ass kloer, datt déi Ukënnegung do ee schwaarzen Dag fir de Welthandel war. Dat ass och an der Envergure nach ni do gewiescht."
 
Dës Decisioun géif e Broch vun der traditioneller US-Handelspolitik bedeiten. Lëtzebuerg als klengt an oppent Land kéint besonnesch impaktéiert ginn.

Industrie a Finanzsecteur am Fokus

Besonnesch d’Stol- an Aluminiumsindustrie hätte sech schonn op déi méi héich Tariffer agestallt. Och d’Automobilbranche, an där Lëtzebuerg als Zouliwwerer eng Roll spillt, kéint negativ Konsequenze spieren.
 
D’Boursse géifen op alle Fall schonn nervös reagéieren: "Den Dollar ass gefall, d'Goldpräisser si gestigen a mir hunn eng international Finanzplaz. Déi brauch Previsibilitéit a Stabilitéit." 

Sollt et an den USA zu enger Rezessioun kommen, kéint dat och d'Lëtzebuerger Finanzplaz treffen. Als international Finanzplaz géif dat op alle Fall eng Erausfuerderung ginn.
 
"Mat all deenen Erausfuerderungen, déi jo och do sinn, wou Lëtzebuerg och kéint mat Finanzdéngschtleeschtungen déngen. Zum Beispill bei AI oder an der Defense, dat sinn alles Saachen, do muss ee wierklech ganz virsiichteg elo observéieren."

EU op der Sich no Alternativen

D'EU wëll verhandelen an eventuell Géigemesuren decidéieren. Ob d'US-Regierung dann d’Strategie ännere géif, bleift onkloer: "Dat ass ganz schwéier anzeschätzen. Et weess ee jo net, wéi déi Administratioun reagéiert, déi reagéiert jo ganz volatil an erratesch." 

Lëtzebuerg an d’EU sichen no neie Wirtschaftspartner. Handelsaccorde mat Japan, Norwegen an anere Länner wiere wichteg Schrëtt, fir manner ofhängeg vun den USA ze ginn.