Am Westerwald a Rheinland-Pfalz sinn e Sonndeg dräi Läichen an engem Haus zu Weitefeld fonnt ginn.

Nom presuméierten Täter oder de presuméierten Täter géing dem Spriecher vun der Police vu Koblenz no gesicht ginn. D'Affer wieren zwee Männer an eng Fra, huet et de Moie geheescht. Am Laf vum Dag koum d'Prezisioun, datt et sech bei den Doudegen ëm eng Famill géif handelen. D'Mamm vu 44 Joer, de Papp vu 47 Joer an de Bouf vu 16 Joer.

Virdrun hat d'Police erkläert, datt et an engem Haus zu Weitefeld zu enger "Kapitaldot" komm wier. D'Police huet d'Leit an der Géigend opgeruff, kee mam Auto matzehuelen. Awunner sollen ausserdeem d'Dieren an d'Fënsteren zoumaachen. De Policespriecher huet awer betount, datt et "keng konkreet Gefor" fir d'Bevëlkerung géing ginn.

Wéi et heescht, war e Sonndeg géint 3.45 Auer en Noutruff bei der Police iwwer eng Gewaltdot erakomm. Wéi d'Beamten op der Plaz ukoumen, wier e Mann fortgaangen. No dësem géing elo gesicht ginn. D'Police huet och antëscht eng Nummer fir Hiweiser ageschalt.