Am Rechtssträit ëm d'Massen-Expulsioune vu Migranten huet d'US-Justiz hiren Drock op de President Donald Trump verstäerkt.

Eng Riichterin am US-Bundesstaat Maryland huet en Dënschdeg eng Rei Befroungen ordonéiert. Dat am Fall vun engem Mann aus El Salvador, deen iertemlech a säin Heemechtsland expulséiert gouf an do an de Prisong koum. Bei de Befrounge soll gekläert ginn, ob Vertrieder vun der Regierung méiglecherweis géint geriichtlech Uweisunge gehandelt hunn.

Bei der geriichtlecher Seance en Dënschdeg sot d'Riichterin Paula Xinis, dass d'Regierung keng Beweiser fir hir Behaaptung, dass et sech beim expulséierte Mann, dem Kilmar Ábrego García, ëm e Member vun enger krimineller Band géing handelen, virgeluecht hätt.

De Garcia ass mat enger US-Amerikanerin bestuet a lieft am Oste vu Maryland. Den Donald Trump hat perséinlech behaapt, dass de Mann e Member vun der Gang "MS 13" an en auslänneschen Terrorist wier. Dës Behaaptunge goufe bis ewell net bewisen. De Mann stoung an den USA och eigentlech ënner rechtlechem Schutz. D'Regierung huet antëscht och schonn zouginn, dass seng Expulsioun d'Resultat vun engem administrative Feeler gewiescht wier.

De Mann ass ee vu ronn 250 Migranten, déi Mëtt Mäerz an El Salvador expulséiert goufen an do an en infaméise Prisong koumen, deen am Wesentlechen ënnert der Kontroll vu kriminelle Banden ass. Deene meeschte vun hinne gëtt reprochéiert, Membere vun der venezuelanescher Gang "Tren de Aragua" ze sinn, déi an den USA als Terrororganisatioun gëllt.

De Supreme Court huet d'Regierung schonn ugewisen, sech fir eng Fräiloossung vum Mann anzesetzen. Dës refuséiert dat awer.