Den Donald Trump verkeeft a sengem Online-Shop zanter kuerzem Artikelen, déi op eng méiglech drëtt Kandidatur bei den US-Presidentiellen uspillen.

En Donneschdeg si Kapen an T-Shirten, op deenen "Trump 2028" steet, an d'Vente gaangen. De Republikaner huet jo an der Vergaangenheet ëmmer nees ëffentlech mat der Iddi gespillt, fir eng drëtt Amtszäit als President ze kandidéieren. Dat obwuel d'amerikanesch Verfassung eng drëtt Kandidatur ausdrécklech verbitt.

Op dëse Verbuet vun enger drëtter Kandidatur spillt och den T-Shirt un, deen de President elo verkeeft. Op dësem ass nieft dem Schrëftzuch "Trump 2028" och "Rewrite the Rules" also "Schreift d'Reegelen ëm" ze liesen.

Dem Donald Trump säi sougenannte "War Room", dee sech ëm dem President seng Online-Presenz këmmert, huet iwwerdeems op X eng Foto, op där den Eric Trump d'Kap mam Slogan "Trump 2028" dréit, gepost. An den USA gëtt och driwwer spekuléiert, ob ee vum Donald Trump senge Bouwen, bei den nächste Presidentschaftswalen an den USA untrëtt.