Bis de leschte Méindeg haten d’politesch Parteien an aner Organisatiounen Zäit, hir Meenung zu de leschte Spuermoossnamen vun der Regierung ofzeginn.

D’Avise si mitigéiert. D’Lynn Welter vun Olten am Kanton Solothurn mat den Detailer. 

Kontrovers Steiermesuren an der Schwäiz / Korrespondenz vum Lynn Welter

 
Enn Januar hat de Bundesrat de sougenannten “Entlastungspaket 27” an d’Consultatioun geschéckt. Mat 59 Spuermoossname solle bis 2027 ronn 3 Milliarden Euro agespuert a sou d’Finanze vum Land nees an den Equiliber bruecht ginn. 
 
D’Mesurë betreffe verschidde Beräicher. Sou sollen d’Subventioune vu Crèchen, Unien an der Recherche reduzéiert ginn oder ewechfalen. Och an der internationaler Entwécklungsaarbecht, am Klimaberäich an an der Mobilitéit géing d’Regierung manner finanzéieren. 
 
Eenzeg am Domaine vun de Rente solle Stéiere gehéicht ginn. Op aner supplementär Recettë géing aktuell verzicht ginn.
 
D’Spuermoossname sinn awer kontrovers an ëmstridden. D’Sozialisten an déi Gréng sinn dogéint, virun allem an de Beräicher Bildung, Ëmwelt a Soziales. D’Rietspartei SVP wéilt 5 Milliarden Euro spueren. D’Partei Die Mitte ass der Meenung, datt een och nei Steieren iwwerpréiwe sollt, wärend d’FDP géint zousätzlech Steieren ass. Och d’Kantoner an d’Gewerkschafte si mat de Spuermoossnamen net zefridden. D’Wirtschaftslobby ass awer dofir.
 
D’Regierung wäert am Hierscht e Message un d’Parlament weiderleeden. D’Gesetzesännerunge sollen dann an zwee Joer a Kraaft trieden. Do virdru kéint awer nach de Referendum lancéiert ginn, sou datt d’Vollek dat lescht Wuert hätt.