D'USA a China hu sech op Baisse vun de géigesäitegen Importtaxe gëeenegt

Den US-Handelsbeoptraagte Greer an den US-Finanzminister Bessent. / © AFP
D'Vertrieder vun der chineesescher an der US-Regierung hu bei hiren Handelsgespréicher en Duerchbroch erziilt.
Vun e Mëttwoch u setzen d'USA a China d'Taxen, déi op Importer aus deem jeeweils anere Land gëllen, ëm 115 Prozentpunkten erof. Dat fir en Zäitraum vun 90 Deeg. D'Zäit soll deemno genotzt ginn, fir weider ze negociéieren, wéi aus engem gemeinsame Schreiwes ervirgeet.
D'Taxe fir déi meescht chineesesch Exporter an d'USA ginn domat op 30 Prozent zréck, wéi et vum US-Handelsbeoptraagten Jamieson Greer heescht. Peking huet iwwerdeem seng Taxen op US-Importer op zéng Prozent erofgesat. Der gemeinsamer Erklärung no géing e "Mechanismus fir d'Weiderféiere vun de Gespréicher iwwer d'Wirtschafts- an Handelsbezéiungen" ageriicht ginn.
Dës Eenegung géing "am Interêt vu béide Länner an am gemeinsamen Interessi vun der Welt" leien, huet den Handelsministère zu Peking matgedeelt. Et wier ze hoffen, datt Washington weider kooperéiere géing, "fir déi falsch Praxis vun den eesäitegen Tax-Haussen ze korrigéieren". Detailer zu géigesäitegen Zougeständnesser iwwer d'Tax-Baissen eraus gouf et vu béide Säiten net.
D'Pëtrolspräisser an d'Bourssen hu scho positiv op d'Annonce vun der Taxe-Paus reagéiert.