E Méindeg de Mëtteg géint 12.22 Auer koum et zu Tréier-Feyen zu engem Groussbrand. En 81 Joer ale Mann ass dobäi ëm d'Liewe komm.

Wéi et vun der Tréierer Police heescht, war am Veräinshaus vun der "Schützenbruderschaft St. Sebastianus" aus bis ewell ongekläerte Grënn e Feier ausgebrach.

Um Ufank vun de Läschaarbechte wier der Police no onkloer gewiescht, ob eng Persoun am Gebai war. Antëscht hätt den 81 Joer ale Mann dout aus dem Veräinshaus gebuere kënne ginn.

D'Veräinshaus ass wäit vum nächste Wunngebitt, wouduerch keng Gefor bestoe géing, datt d'Feier op aner Gebaier géing iwwergoen. D'Pompjeeën an d'Police wiere mat ronn 100 Secouristen am Asaz. Eng besonnesch Erausfuerderung géing d'Waasserversuergung duerstellen. D'Läschaarbechte wieren awer nach amgaangen.

Duerch déi lescht Deeg, op deenen et dréche war, gëtt et e méi grousse Risk fir Bëschbränn.