Frankräich dementéiert russesch Desinformatiounscampagne

© AFP
An de soziale Reseauen zirkuléiert e Video, an deem behaapt gëtt, westlech Leaderen hätte Koks am Zuch op Kiew geholl. Den Élysée dementéiert.
Déi franséisch Regierung huet eng russesch Desinformatiounscampagne schaarf verurteelt, déi behaapt, de President Emmanuel Macron hätt Kokain wärend enger Zuchrees op Kiew bei sech gehat.
Dës Verschwörungstheorie gouf virun allem iwwer pro-russesch Kanäl an a soziale Reseaue verbreet. An deene Publikatioune gëtt e Video gewisen, wou et ausgesäit, wéi wann de franséische President eng Titche mat Kokain um Dësch leien hätt.
Am Original-Video vun der AFP gesäit een awer, dass et een Nuesschnappech ass.
De Video weist de franséische President zesumme mam däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz an dem brittesche Premierminister Keir Starmer an engem Zuch um Wee op Kiew. Den Élysée huet um Sonndegowend op X matgedeelt, dass et kee Kokain wier, an d'Virwërf schaarf kritiséiert.
Den Élysée schwätzt vu "Fake News", déi vun de Géigner vu Frankräich verbreet ginn, mam Zil, déi europäesch Eenheet ze ënnergruewen.
Eng Spriecherin vum russeschen Ausseministère huet behaapt, datt europäesch Leader ënner Drogenafloss stinn, an huet domat och erëm déi ongerechtfäerdegt Beschëllegung widderholl, datt den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj kokainsüchteg wier.
Déi franséisch Regierung gesäit dës Aktioun als Deel vun enger méi breeder russescher Strategie un, déi dorop ausgeriicht ass, westlech Allianzen ze destabiliséieren an d'Ëffentlechkeet duerch digital Propaganda ze manipuléieren.
D'Zil vun der gemeinsamer Rees vun de Leaderen aus Frankräich, Däitschland a Groussbritannie war et, Solidaritéit mat der Ukrain ze weisen. Ënnert anerem maache si sech staark fir eng 30-Deeg-Wafferou.